Den Ofschlossrapport ass e Freidegnomëtteg trotz de Géigestëmme vun der CSV ugeholl ginn. De Lucien Lux huet dono vun engem Neiufank fir d'Land geschwat.

D'Deputéiert vun DP, déi Gréng, ADR an LSAP hunn zu 7 derfir gestëmmt. D'CSV war mat hire 5 Deputéierten dergéint. An de Serge Urbany vun déi Lénk huet sech enthalen. Hien hat dat och virdrun schonn ugekënnegt.

Hei d'Grënn vum Serge Urbany fir seng Enthalung:

Zu mengem Vote (Abstentioun):

1. Ech ka net fir e Bericht stëmmen wou drasteet: “L’utilité d’un service de renseignement ne semble pas être mise en question… ».

2. Ech kann och net derfir stëmmen, d’Enquête zouzemaachen wou et dach d’Missioun vun der Enquêtekommissioun war, « d’élargir le champ d’investigation de la commission d’enquête aux missions du service, à la collecte et au traitement des informations… » a wou déi Missioun offensichtléch net erfëllt ass.

D'CSV huet de Rapport vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht also awer net gestëmmt.

En Donneschdeg haten déi aner Parteien nach gemengt d'CSV géif hiren Accord ginn, zemools wëll se déi lescht Deeg keng weider Ännerungsvirschléi zum Vote gestallt hat.

E Freideg am Laf vum Owend soll de Rapport um Chambersite verëffentlecht ginn.

De Fraktiounschef vun der LSAP Lucien Lux huet nom Vote bedauert, dass d'CSV géint de Rapport gestëmmt huet.

AUDIO: SREL-Rapport: Extrait Lucien Lux.

Dat géif der Aarbecht vun där Kommissioun net gerecht ginn. D'Unanimitéit hätt der Chamber an der Aarbecht an der Dignitéit no bausse gutt gedoen.

Neiufank néideg

Eng éischte Kéier huet och ee Politiker ëffentlech an ongefrot vu virgezunnen Neiwahle geschwat.

Iwwer politesch Responsabilitéiten an eventuell personell Konsequenzen eraus, bräicht dëst Land en neien Ufank, sot de Lucien Lux. "Mir kënnen a wëllen zu dësem Ament Neiwahlen net ausschléissen." D'LSAP wär bereet, an den nächsten Deeg Verantwortung z'iwwerhuelen.

Den CSV-Fraktiounschef Gilles Roth gesäit mam negative Vote kee Problem fir déi aktuell Koalitioun. Et géif sech hei schliisslech net ëm een Desaccord zu engem Gesetzprojet aus dem Regierungsaccord handelen.

AUDIO: De Gilles Roth

Deen aneren CSV-Minister, deen och déi lescht Wochen an der Kritik stoung, de Luc Frieden, wollt um Mikro vum Frank Kuffer, och nach net soen, wéi dës Diskussioun dann ausgeet.

AUDIO: De Luc Frieden am RTL-Interview (05/07/2013 - Cut 18h)

De Staatsminister huet sech um Freideg de Moien eng éischte Kéier zanter Laangem zu der aktueller Geheimdéngschtaffär geäussert gehat.

AUDIO: De kompletten Interview mam Premier.

De Premier Jean-Claude Juncker wëll elo de Weekend iwwer den 141 Säiten-décke-Rapport liesen, e verdauen an dann e Mëttwoch derzou an der Chamber Stellung huelen.

D'Zeitungen zitéieren iwwregens de Jean-Claude Juncker vun e Freidegowend bei der Diplomiwwereechung am Lycée Hubert Clement zu Esch. Hie sot do, hie wär frou eng vu senge leschten Amtshandlungen als Regierungchef zu Esch maachen ze kënnen, sou d'Tageblatt. „Et ass de leschten Optrëtt a menger aktueller Fonctioun“, zitéiert d'Wort en.

Ironesch oder net...e Mëttwoch dierft et méi Gewëssheet ginn. 8 Stonne si jo mol fir deen Debat virgesinn, deen um 14 Auer ufänkt.

Als éischte schwätzt de Rapporter François Bausch. Hien huet eng Stonn ze gutt.

Duerno kritt de Premier d'Wuert an deem seng Riedzäit ass op 2 Stonne fixéiert ginn.

Nom Premier ass et dann un de Fraktiounen an déi hunn all Kéier eng Stonn. D'Sensibilités politiques kréien all 20 Minutten.

Wat geschitt nom Vote vum SREL-Rapport ?
Eng Iwweraschung an der Enquêtekommissioun ass emmer méiglech, am Moment gett vill spékuléiert.