De fréiere Police-Generaldirekter Pierre Reuland kritt seng Deklaratiounen aus dem Prozess virgelies a soll se dann och ënnerschreiwen.

E Mëttwoch ass also net just de Rapport vun der Enquêtekommissioun SREL an déi vill erwaarten Explikatiounen a Reaktioune vum Staatsminister an der Chamber.

E Mëttwoch ass och eng weider Sessioun am Prozess Bommeleeër. De fréiere Police-Generaldirekter Pierre Reuland kritt seng Deklaratiounen, déi hie bis ewell am Prozess gemaach huet, virgelies a soll se dann och ënnerschreiwen.

D'Justice huet um Méindeg wësse gedoen:

Dans le cadre du procès dit « Bommeleeër » une audience supplémentaire aura lieu mercredi le 10 juillet 2013 de 15.00 à 18.00 heures.

Cette audience sera uniquement consacrée à la lecture par le greffier des dépositions faites par Monsieur Pierre Reuland, qui sera ensuite appelé à les signer.

Pour des raisons d’organisation interne cette audience, qui est bien entendu une audience publique, ne fera néanmoins pas l’objet d’une retransmission dans la salle BC 1.38 du bâtiment commun de la Cité judiciaire.

Den eigentleche Prozess geet jo de 16. September weider.