Um Mëttwoch ginn an der Chamber d’Conclusiounen iwwert den Ofschlossrapport vun der Enquêtekommissioun gezunn.

Dee Rapport ass d’Resultat vu knapp 50 Sëtzungen an en ass de leschte Freideg zeguddstert vun der Kommissioun guttgeheescht ginn. D’Lëscht vun den Dysfonctionnementer an Illegalitéiten ass laang, heescht et direkt op Säit 7 an et gi 4 Nimm vun aktuellen oder fréiere SREL-Mataarbechter genannt.
D'Dysfunktionnementer u sech sinn an 11 Voleten opgedeelt an deen éischten ass den Enregistrement vum Premier mat enger spezieller Auer. Deemools ass et jo drëm gaang de Premier z’informéieren, dass een Informant vum SREL sot, et wier ee Gespréich tëscht him an dem Grand-Duc opgeholl ginn. An enger éischter Reunioun hätt de Premier negativ an souguer aggressiv reagéiert an dowéinst hat de Marco Mille decidéiert, d’Gespréich opzehuelen. Et ass dem Marco Mille och drëm gaang ze beweisen, dass de Premier d’Accord war mat der Ecoute op den Informant M. Déi Ecoute war net autoriséiert an de Premier huet näischt ënnerholl. Deen Dossier läit den Ament och bei der Justiz. Nieft dëser illegaler Ecoute huet d’Kommissioun nach 5 aner Fäll opgedeckt, déi och all bei der Justiz gelant sinn.

2009 ass d’Kontrollkommissioun Geheimdéngscht iwwert des Virgäng informéiert ginn. Si hätt just moer Informatioune kritt, wat eventuell disziplinar Suitten ugeet. Deemools krute se och d’Informatioun virenthalen, dass de Marco Mille Congé sans solde krut wéi e bei Siemens gaangen ass.

Froe werft och d’Firma Sandstone op, déi de Fränk Schneider aus dem SREL erausgegrënnt huet. En hätt geheim Informatiounen an de Carnet d’Adresses mat erausgeholl. Dem aktuelle Chef vum Geheimdéngscht no, hätt säi Virgänger de Projet Sandstone virugedriwwen a wahrscheinlech och ee Gespréich mat engem anere Minister arrangéiert, fir d’Kapital ze kréien an e lasszeginn.

Am Rapport gëtt och d’Affär SAM ugeschnidden. Hei ass et ëm 10 Milliounen Euro gaang, déi de Francesco Paesa dem Russ Alexander Lebedew soll geklaut hunn. De SREL wier implizéiert gewiescht, fir ze versichen déi Suen zréckzekréien an d’Aktioun gouf um Enn vum Premier selwer ofgeblosen. Et gouf awer weder juristesch nach perséinlech Suitten an och d’Kontrollkommissioun gouf net informéiert.

Do war och de Roger Mandé am Coup, de fréiere Chauffeur vum Jean-Claude Juncker, deen hie selwer am SREL placéiert huet. Am Rapport steet, déi Haaptresponsabel fir d'Dysfunktionnementer hätten d’Proximitéit vum Här Mandé par Rapport zum Premier wëllen ausspillen, de Beweis, wéi kontraproduktiv dee Placement um Enn war. Elo ass hie Verbindungsmann tëscht dem SREL an der NATO, eng rätselhaft Funktioun, heescht et am Rapport. De Roger Mandé huet kee Bureau zu Bréissel a beschreift sech als honnertprozentegen Electron libre.

Intressant ass och de Passage iwwert de Gérard Reuter. De fréiere President vun der Chambre des Comptes war suspendéiert ginn an de SREL ass op en duergaangen. De Mann krut carrément eng Wunneng vum SREL gestallt. Der Kommissioun no riskéiert dat Verontreiung vun ëffentleche Gelder ze sinn.

AUDIO: D'Analyse vum Rapport vum Max Theis (1/2)

Ee längere Passage behandelt d’Stay Behind Theorie vum SREL a Saache Bommeleeër.

Der Kommissioun no ass et bedenklech, dass eng parallel Enquête zu der Justiz gelaf ass an dass déi net informéiert gouf. De Jean-Claude Juncker an de Luc Frieden ware jo och iwwert des Theorie am Bild. Am Rapport gëtt och dem André Kemmer seng Ausso opgegraff, de Bommeleeër-Code wier eventuell entschlësselt. Si hu jo mat C23Y78 ënnerschriwwen. Dat wier deen Datum, wou de fréieren Arméiminister Emile Krieps de Ben Geiben mat der Grënnung vun der Brigade mobile beoptraagt hätt.

D’Kommissioun veruerteelt och d’SREL-Operatioun a Saache Pedophilie a schwätzt vun enger Parrallel-Police. Hei wier de Premier senger Informatiounspflicht sécherlech net nokomm.

Am Rapport ginn och strukturell Dysfunktionnementer opgelëscht, wéi d’Prime fir Beamten aus anere Ministère déi mam SREL ze dinn hunn, do gëtt et keng Base légale. Onduerchsiichteg wier et och bei Déngschtreessen zougaang. An deem Deel geet et och ëm déi 5 Autoen déi iwwert de SREL fir Privatzwecker kaf goufen. Och deen Dossier läit beim Parquet.

3 Zeie riskéiere sech wéinst Falschaussoe mussen ze veräntwerten. De Parquet ass iwwert d’Häre Mille, Kemmer a Schneider an deem Kontext informéiert.

Wat d’Responsabilitéiten ugeet, gëtt am penale Volet un d’Justiz verwisen déi enquêtéiert. Administrativ missten direkt Discipline-Affäre géint de Marco Mille an de Roger Mandé lancéiert ginn.

D’Enquêtekommissioun bedauert an hirem Rapport op e puer Plazen, dass d’Parlamentaresch Kontrollkommissioun net gutt genuch informéiert gouf.

An der Fro vun der politescher Responsabilitéit gëtt festgehal, dass den Interêt vum Premier um SREL net grouss war an dass et him un Zäit gefeelt huet. D’Deputéiert schreiwen awer och, dass méiglech Deliten oder Crimen net denoncéiert goufen an dass et keng Disziplinarprozedure gouf. An deem Sënn gesäit d’Majoritéit vun der Kommissioun d’Responsabilitéit vum Premier engagéiert.

De Rapport gouf jo leschte Freideg mat de Stëmme vun LSAP, DP, Gréng an ADR ugeholl. D'CSV hat dogéint gestëmmt an di Lénk hu sech enthalen.

AUDIO: D'Analyse vum Rapport vum Max Theis (2/2)