Gaston Vogel: Bréif u Premier wéint SREL-NSA-Kooperatioun

De Maître huet um Dënschdeg een oppene Bréif un de Premier geschéckt, an deem et ëm d'Fro vun der Méiglechkeet vun enger Kollaboratioun SREL-NSA geet.
De Gaston Vogel seet, hien hätt an auslännesche Medien gelies, datt vill europäesch Geheimdéngschter mat der US-Autoritéit NSA zesumme géife schaffen. Hien hofft vum Premier nach virum Debat um Mëttwochmëtteg eng kloer Äntwert ze kréien. Hätt de SREL mat der NSA kooperéiert, wier dëst ee weidere wichtege Skandal.
Dernieft ass en Dënschdeg géint 17 Auer dem Gaston Vogel seng viicht Dier mat engem Steen ageschloe ginn. Ee jonke Mann vun 30 Joer wier vun Noperen observéiert ginn, sou nach de Maître. D'Police enquêtéiert.
Am meeschte gelies