Den 10. Juli huet de Premier Stellung zum SREL-Rapport geholl an an där Ried ass direkt e puer Mol den Numm vum Henri Grethen gefall.

Am RTL-Interview huet de fréiere President vun der SREL-Kontrollkommissioun op dës Implikatioune réagéiert.Virop huet den Henri Grethen betount, dass e kee Problem domat hat, an där Ried genannt ze ginn. En hätt effektiv méindes mam Premier telefonéiert an et gouf ee kloren Ophänker. Seng Instruktioun deemools un de SREL-Direkter war et, fir dem 1. President vun der Kontroll-Kommissioun, dem Henri Grethen, déi nämmlecht Informatiounen ze gi wéi dem Staatsminister. Ech hat net d’Impressioun, dass den Här Mille mir Saache verheemlecht huet, sou nach den Henri Grethen.

Am Gespréich mam Premier ass et och ëm de fréiere Chauffeur vum Henri Grethen gaang, deen an den Office des Prix gewiesselt ass, wou ëmmer 2 Poliziste geschafft hunn. D'Poste ware vacant. Hien hätt Vertrauen a säi Mataarbechter gehat, den Här Krier. Et wier kee Piston gewiescht.

An der Ried vum Jean-Claude Juncker ass et och nach ëm de Philippe Schaack gaangen, de Fils vum fréiere Staatssekretär Jos Schaack, dee beim SREL schafft. Dee Mann gouf 2003 vum Henri Grethen am Wirtschaftsministère agestallt, op Grond vu senge Studien a Resultater am Staatsexamen. De Premier hat et sou duergestallt, wéi wann de Philippe Schaack op Grond vun der Recommandatioun vum Henri Grethen bei de SREL komm wier. Dat dementéiert de Henri Grethen awer, en hätt just ee Bréif geschriwwen, fir e fir deen interne Poste ze recommandéieren, mä do war dee Concernéierte schonn am Geheimdéngscht.

Den Henri Grethen selwer zitt et net méi an d’Politik och net an d’Europawahlen. Hie soll am November vum Europaparlament op sengem Poste confirméiert ginn an huet da wëlles, weider 6 Joer Member vun der europäescher Cour des Comptes ze sinn.

AUDIO: Grethen/Juncker/Reportage Max Theis