Den Ex-Police-Chef Reuland wëll an d'Pensioun goen an zwar vum 1. Oktober un. Et ass d'Fro, wéi eng Incidence dee Schrack op de Bommeleeër-Prozess huet.

D'Nouvelle huet an den interesséierte Kreesser immens séier den Tour gemat. Politik, Justiz a Journaliste si ganz schëtzeg driwwer informéiert ginn, datt de Pierre Reuland seng Pensioun am Inneministère agereecht huet. Poliziste kënne mat 55 Joer an d'Pensioun goen a vu datt de Pierre Reuland de 26. Dezember 1957 gebuer ass, kann hien en bonne et due forme an d'Pensioun goen. Dat geet elo säi ganz normale Wee; am Inneministère gëtt et keng Méiglechkeet ze bremsen. Et ass ee wuel och frou, de Problem Reuland lass ze sinn.

D'Fro, déi sech stellt, ass déi, firwat de Pierre Reuland grad elo – matzen am Bommeleeër-Prozess – an d'Pensioun geet.

Am Prozess war de Pierre Reuland jo opgefall, well hien immens evasiv op d'Froe geäntwert huet an e krut e pur Mol gesot, hien kéim an d'Laberenthe wéint dem neie Gesetz iwwer d'Entrave à la justice. D'Strafvereitelung im Amt also soll bestrooft ginn – dat bedeit am Fong, datt jiddwer Fonctionnaire – notamment jiddwer Polizist – soe muss, wat hien iwwer e Crime weess oder et gëtt eng Strof. Den Ament gëtt hefteg driwwer spekuléiert, wéi eng Suitten et kann hunn, datt de Pierre Reuland déi nächste Kéier, wann hien um Geriicht Froe gestallt kritt, schonn a Pensioun ass.

Eng Liesart ass déi, e Fonctionnaire wier op éiweg Staatsbeamten an domat also un d'Wouerecht gebonnen. An et gëtt och nach eng gewëssen Zäit – 6 Méint -, wou e Polizist nach ka belangt ginn, iwwer seng Pensiounsgrenz eraus.

Eng aner Interpretatioun ass déi, wann de Pierre Reuland net méi en Fonction wier, dierft hien eben och net soen, wat hien net soe wëll.

Egal wéi: de Pierre Reuland stoung a steet am Bommeleeër-Prozess ënner Eed a kann dowéinst net esou séier vun de Schëpp sprangen.

Ee Fall – den Ament nach – fir juristesch Schrëftgeléierter.

Dem Pierre Reuland seng Roll an der avortéierter Observatioun op de verdächtege Ben Geiben aus dem Oktober 1985 – dat ass jo dee Sujet, wou Parquet, Riichterin an d'Defense méi Präzises wëlle wësse vum Pierre Reuland – an elo eventuell riskéiere keng Äntwerten ze kréien.

An der Police gëtt iwwregens gesot, de Pierre Reuland hätt de ganze Corps blaméiert mat sengem Optrieden am Prozess an et misst ee sech froen, firwat hien keng Affaire disciplinaire gemat kritt vu sengem Chef, also vum Romain Nettgen, well soss hätt dach jiddwer klenge Polizist direkt esou eppes Disziplinäres um Hals.

De Bommeleeër-Prozess geet de 16. September weider.

Reuland: Ex-Policechef huet seng Pensioun agereecht
Den Ex-Police-Chef Reuland wëll an d'Pensioun goen an zwar vum 1. Oktober un. Et ass d'Fro, wéi eng Incidence dee Schrack op de Bommeleeër-Prozess huet.