Geheimdéngscht-Skandal: F. Schneider hätt nach e puer Trëmp

De Geheimdéngscht-Skandal ass erëm do mat engem Interview vum fréiere SREL-Mann Frank Schneider an der Zeitung Libre Belgique. Hien hätt nach e puer Trëmp.
De fréiere Sous-chef aus dem SREL menacéiert. Dat ass de roude Fuedem, deen sech duerch den Interview an der belscher Zeitung zitt.
Et ass jo bekannt, datt de Frank Schneider eng Plainte gemasch huet géint d'Deputéiert Alex Bodry a François Bausch, och géint de Marc Colas aus dem Staatsministère an de Jean-Claude Knebeler, fréieren héije Beamten am Economies-Ministère, haut Konsul zu New York.
Déi eng – d'Deputéiert – déi hu wuel am SREL-Rapport net dat geschriwwen, wat de Frank Schneider fir richteg hält, bei deenen aneren zwee héije Beamten ass et méi komplizéiert: do stinn vague Reprochen vu Korruptioun an Espionnage am Raum, ouni weider Präzisiounen. Ma d'Richtung gëtt awer iergendwéi gewisen: et geet ëm presuméiert dubiéis Geschäfter vun der Cargolux,. De Frank Schneider schwätzt a sengem Interview vu Volen an den Iran, vu "Risques de prolifération" – dat heescht illegale Waffenhandel – an och vun engem "énorme trafic de cigarettes". Saachen, déi zum Deel bekannt sinn; manner bekannt awer ass wien do soll korrupt gewiescht sinn, also Geld an déi eegen Täsch gestach huet, a wien do soll spionéiert hunn.
An den Detail geet de Frank Schneider néierens, just de Jean-Claude Knebeler knäppt hien sech e bësse méi fir. De Jean-Claude Knebeler hat jo virum Frank Schneider senger neier Securitéits-Firma Sandstone gewarnt, notamment och mam Argument, de Frank Schneider géif do Informatiounen aus senge SREL-Aktivitéite benotzen. An deem Kontext insistéiert de Frank Schneider nach eng Kéier, datt Sandstone mat Wëssen an Accord vun den héchsten, staatlechen Instanze gegrënnt gi wier. E gëtt da gefrot, firwat de Jean-Claude Knebeler da gewarnt hätt. Dem Frank Schneider seng Äntwert ass sybillinesch:
"Je suis maintenant convaincu que M. Knebeler a eu beaucoup plus de raisons d'avoir peur que je ne l'avais pensé, j'ai partagé des informations très sensibles avec lui".
Informatiounen iwwer d' Cargolux also, an dann: déi Informatiounen hätte Panik ausgeléist beim Jean-Claude Knebeler. Am Kader vun enger Instructioun, offréiert de Frank Schnieder, wier hien bereet Informatiounen ze ginn, "je peux répondre". An dann erëm esou e menacante Saz "j'ai certainement encore des cartes à jouer pour ma défense".
Och de Premier kritt eng Zort Drohung, hie kritt quasi gesot, hie sollt net soen, hien hätt sech net vill fir de SREL interesséiert, well, seet de Frank Schneider "mon opinion est qu'il était certainement bien renséigné par le SREL". Eng Manéier fir ze soen, stellt Iech net domm, Här Premier, ech weess méi iwwer alles.
A wann de Frank Schneider schonn am Gaang ass ze dreeën, warnt hien och nach d'Belsch: déi soll sech w.e.g staark concernéiert fillen duerch de Lëtzebuerger Skandal; et géif elo Joeren daueren, fir tëschent den zwee Noperen erëm dat aalt operationellt Vertrauen opzebauen.