De Chef vum Geheimdéngscht Patrick Heck huet dem Parquet weider Dokumenter iwwert de Stay-Behind-Reseau ginn, esou d'Lëtzebuerger Wort.

Wéi d'Wort um Samschdeg schreift, handelt et sech ëm Dossieren, déi vun anere Geheimdéngschter aus Italien, Holland an Däitschland deklasséiert goufen. 32 Dokumenter am Ganzen. Zwee Servicer hätte refuséiert, d'Akte fräizeginn.

Domadder huet de SREL, dem Patrick Heck no, all disponibel Schrëftstécker iwwert Stay Behind un d'Justiz weidergeleet.

Vill Brisantes wier an de geheimen Dokumenter net ze fannen, heescht et an der Zeitung.

De Maître Gaston Vogel fillt sech iwwerdeems weider hannert d'Liicht gefouert. Et hätt alles misse verstoppt ginn, sou den Affekot vum Marc Scheer, engem vun den Ugekloten am Bommeleeërprozess.