Déi Concernéiert, déi diffaméiert Leit, de Jeannot Krecké an de Jean-Claude Knebeler dementéieren esou ferm et geet, wat do op deem arabesche Site steet.

Skandal um Internet: op dem arabeschen Economie-Site NUQUDY kréien de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an en héije Beamte schwéier Reprochë gemaach. Si wiere korrupt an hätten illegal Geschäfter mam Iran gemat. Déi Behaaptunge circuléieren zanter e puer Wochen am Land a kruten um Dënschdeg e parlamentaresche Volet mat enger Fro vum Deputéierte Xavier Bettel, deen d'Regierung freet, firwat si net reagéiert hätt.

Eent emol virop: Alles Ligen, keng Beweiser, sachlech falsch, schlecht Literatur – dat sinn hir Commentairen. A wann de Mikro aus ass, sinn d'Commentairen nach méi hefteg.

Staarken Tubak

A wat op deem Site steet, dat ass extrem staarken Tubak. NUQUDY schreift direkt a sengem éischte Saz, korrupt Lëtzebuerger Regierungs-Offizieller wiere fir Schmuggel, Geldwäsch a Proliferatioun vu verbuedene Waffen an den Iran responsabel.

Dat wier iwwer d'Cargolux gelaf, déi am Iran gelant wier mat Zigaretten on Board, déi wieren an Europa zeréckgeschmuggelt ginn a mam Benefice wieren dann dual-use Gidder kaaft ginn, also Saachen déi een zivil an och militäresch, an deem Fall nuklear, benotze kann.

D'Nimm, déi genannt ginn als responsabel sinn eben de Jeannot Krecké, de fréieren héije Beamten aus dem Commerce Extérieur Jean-Claude Knebeler, fir d'Cargolux den Ulrich Ogiermann an den Albert Pansin, deem seng Fra iwwert d'Entreprise "Malu" och an déi Deale verwéckelt wier.

Den Affekot vun der Koppel Pansin huet um Dënschdegowend präziséiert, datt den Albert Pansin energesch contestéiert eppes mat der Saach ze dinn ze hunn. D'Cargolux hätt dëst och schonn eng Kéier confirméiert. Wat seng Fra ugeet, sou ass si zwar am Conseil vun der Entreprise "Malu" dra gewiescht, awer géint hire Wëllen. Soubal si deemools gewuer gouf, datt si an deem Rot ouni hiert Wëssen dra wier, goufe juristesch Schrëtt ageleet a si gouf aus dem "Malu"-Conseil demissionnéiert. Souwäit de Maître Theisen.

D'Cargolux hätt op alle Fall wéint all deenen uewe beschriwwenen Reprochen eng Plainte kritt vun der amerikanescher Justiz an d'Airline hätt eng Zort Pseudo-Opklärung an där Saach bedriwwen an och e Rapport mam Numm "Songa" wier gemaach ginn. Dat si Rumeuren, déi scho méi laang am Kontext vum SREL-Skandal circuléieren a wou och zum Deel enquêtéiert gëtt.

Duerno gëtt et dann abenteuerlech am NUQUDY-Rapport. Wéint deene genannte Problemer wier d'Cargolux un d'Qatarie verkaf ginn. De Jean-Claude Knebeler hätt deen Deal facilitéiert an hien hätt als Belounung, wéi anerer och, eng illimitéiert Kreditkaart vun de Qatarie kritt. Deeselwechte Beamten an de Jeannot Krecké hätten och am Verkaf vun der Arcelor un de Lakshmi Mittal matgedealt. De Jean-Claude Knebeler hätt do der Géigesäit Lëtzebuerger Verhandlung-Secrete verroden. An dee perséinlechste Reproche ass dësen: de Jean-Claude Knebeler hätt vum KGB a vun engem russeschen Oligarch Fraebekanntschaften arrangéiert kritt.

De NUQUDY-Rapport hält op wéi en ugefaangen huet: wéint dem Geld wiere Knebeler a Krecké an d'Korruptioun gerutscht a wiere Schmuggler a Waffenhändler zugonschte vum Iran ginn.

Alles Ligen, keng Beweiser, sachlech falsch, schlecht Literatur

Den Artikel stoung um Internet an am Internet op Facebook reagéiert de Jeannot Krecké in extenso op d'Reprochen. Hien an de Jean-Claude Knebeler hätte näischt mat Zigaretten- a Waffe-Schmuggel an Direktioun Iran ze dinn. Wann do eppes ze froe wier, misst een d'Cargolux froen. Si zwee wieren och an d'Negociatioune mat de Qatarien net agebonne gewiescht an hätten och ni Geld vun deene kritt. Am NUQUDY-Rapport steet och, de Jeannot Krecké wier forcéiert ginn ze demissionéieren. Stëmmt net, schreift den Ex-Minister.

De Jean-Claude Knebeler ass jo elo Konsul zu New-York. Och hien dementéiert rosen, wat da am Internet circuléiert, ugefaange mat der Cargolux:

"Ech gesi mech selwer net als Zigaretteschmuggler oder Nuklearproliferateur, soss wier ech elo net hei zu New York, mä zu Schraasseg."

"Et ass bekannt, dass d'Cargolux vu Lëtzebuerg an den Iran geflunn ass. D'Cargolux hat och e Client, deen Zigaretten an den Iran geliwwert huet, dat war awer fir eis eng komplett normal Geschäftsrelatioun."

Wat elo de Stol-Deal Arcelor/Mittal a säin angebleche Negociatiounsverrot ubelaangt:

"Wéi ech dat gelies hunn, hunn ech gelaacht!" "Ech hunn a mengem Liewen ni mam Lakshmi Mittal geschwat."

De Jean-Claude Knebeler hätt vun de Qatarien eng illimitéiert Kreditkaart kritt:

"Dat ass awer och purement erfonnt an et freet ee sech wéi d'Leit u sou Saache kommen.", esou de Jean-Claude Knebeler.

Wie wëll dem Jeannot Krecké, dem Jean-Claude Knebeler an dem Land da schueden?

"Den Artikel ass jo net ënnerschriwwen, an ech weess och net ween deem Internetsite déi soi-disant Informatiounen, déi ech éischter an den Domaine vun der Literatur géing verweisen, zougespillt huet", äntwert de Jean-Claude Knebeler nach.

Fakt ass: zanter de Jean-Claude Knebeler an den Affär vun den illegale SREL-Ecoutë beim Parquet ausgesot huet, géife Rumeuren iwwert hien circuléieren, seet hien.

Nofro dann och beim Etienne Schneider, dem Successeur vum Jeannot Krecké:

"Ech hunn deen Artikel gelies, et ass Science-Fiction wat déi do schreiwen. Ech hunn och mat deene Concernéierte geschwat an déi si katastrophéiert iwwert dat wat do an d'Welt gesat gëtt."

"Deen héije Beamten huet dat och scho weider un de Parquet ginn, well hien et net wëll op sech beloossen. Dat heiten ass och natierlech e schlechten Image fir Lëtzebuerg, wann een einfach esou Saachen an d'Welt setzt déi iwwerhaapt kee Fundament huet."

"Dee ganzen Artikel ass komplette Quatsch." esou den Etienne Schneider nach.

"Ech weess net ween dohannert stécht a ween dem Land do wëll schueden, mä et ass net gutt fir den Image vum Land."

An ebe just dohinner zielt de Xavier Bettel mat senger parlamentarescher Fro. Deen Internet-Artikel géif Lëtzebuerg extrem schueden. Ob net un en offiziellen Dementi geduecht wier. Ob net beim Site intervenéiert gi wier. Ob et eng Plainte géif ginn. Grad op déi lescht Fro vun der Plainte ass et wuel schwéier eng Äntwert ze ginn, den Internet ass grouss a gedëlleg an e konkreten Informant ass net genannt.

Och de Premier Jean-Claude Juncker huet scho reagéiert. Hie schreift, et wäre „pure Ligen“. Et giff do eng Desinformatiouns- an Diffamatiouns-Campagne lafen. Déi zwou viséiert Persounen hätte sech näischt ze Schold komme gelooss,  et wiere scho Piecen un de Parquet weidergereecht ginn an déi zwee concernéiert diffaméiert Leit kréie juristesch Hëllef vun der Regierung.

Réponse de Monsieur le Premier Ministre à la question parlementaire no 2862 de Monsieur le Député Xavier Bettel

Contrairement à ce que laisse sous-entendre Monsieur le Député, le Gouvernement n'est pas resté inactif dans l'affaire dont Monsieur le Député se fait l'écho, à savoir la publication sur un site Internet couvrant l'actualité économique du Moyen-Orient d'informations accusant l'ex ministre de l'Économie et du Commerce extérieur Jeannot Krecké ainsi qu'un haut fonctionnaire de corruption et de favoritisme en relation avec un certain nombre de dossiers, dont celui de la société de fret aérien luxembourgeoise Cargolux.

Depuis la parution de l'article en question, mes services sont en contact avec les personnes visées par ces allégations qui relèvent du pur mensonge. J'ai moi-même reçu Monsieur Jeannot Krecké pour évoquer avec lui les suites qu'il convenait de réserver à cette affaire dont la genèse soulève de nombreuses questions concernant les milieux qui se trouvent à l'origine de ce qui s'apparente à une campagne de désinformation et de diffamation. Monsieur Jeannot Krecké et le haut fonctionnaire visés par la publication du site Internet ont opposé un démenti clair et détaillé aux allégations contenues dans l'article, démenti que le Gouvernement fait sien. Je me porte par ailleurs personnellement garant du comportement de Monsieur Jeannot Krecké qui a été à tous les égards irréprochable dans l'exercice de ses fonctions de ministre.

Dans l'immédiat, un certain nombre de pièces en relation avec les allégations que véhicule le site Internet ont  été transmises par les intéressés au Parquet.

Il a par ailleurs été décidé de faire bénéficier Monsieur Jeannot Krecké ainsi que le haut fonctionnaire visé par la publication du soutien juridique du Gouvernement dans toutes les démarches qu'ils seraient amenés à entreprendre contre ceux qui ont propagé ou qui à l'avenir propageront les contrevérités flagrantes publiées ces derniers jours.