Wann een dat liest wat bei nuqudy steet, an et vergläicht mam Interview, deen de Frank Schneider an der Libre Belgique ginn huet, ginn et Opfällegkeeten.

Corruptioun, Zigaretteschmuggel an atomare Waffeschmuggel – dat si jo d'Reprochen déi den arabeschen nuqudy-Internet-Site dem Beamte Jean-Claude Knebeler an dem fréiere Minister Jeannot Krecké mécht.

An déi zwee - a vill aner Leit - froe sech, wien déi soi-disant Informatiounen lancéiert huet.

Egal wien et war – dat wat bei nuqudy steet an dat wat ugangs August an engem Interview vum fréiere Geheimdéngschtmann Frank Schneider an der Libre Belgique stung, dat ähnelt sech frappant.

Et lount sech dem Frank Schneider säin Interview an der Libre Belgique vum 1. August nach eng Kéier ze liesen, nodeems een de nuqudy-Rapport gelies huet. Well an der Libre Belgique nennt de Frank Schneider schonn a sengem zweete Saz de Numm vum Jean-Claude Knebeler. Deen hätt eng Note très négative geschriwwen, 2008, géingt dem Frank Schneider säi Projet Sandstone.

Just e bësse méi spéit am Interview geet da riets iwwer d'Cargolux. Déi jo duerch eng illegal Ecoute vum SREL concernéiert war. De Frank Schneider seet iwwer dem SREL seng Cargolux-Informatiounen:

RTL

A just virum Enn vum Interview schwätzt de Frank Schneider iwwer schwéier Spionage- a Corruptiounsreprochen. An hien hätt eng Plainte gemat géint zwee Deputéiert an zwee héich Fonctionnairen. Ee vun deenen, dat ass bekannt, ass de Jean-Claude Knebeler.

An enger gemeinsamer Declaratioun schreiwen de Jeannot Krecké an de Jean-Claude Knebeler iwwer d' Hannergrënn vum nuqudy-Rapport:

RTL

A wann een mam Jean-Claude Knebeler iwwer d' Source vum nuqudy-Rapport schwätzt, da seet hien: Jean-Claude Knebeler: Ech kann ëmmer nëmme spekuléieren... wat soll ech dozou soen. Ech weess en ass net ënnerschriwwen den Artikel. Ech weess och net ween deem Internetsite déi soi-disant Informatiounen, déi ech éischter an den Domaine vun der Literatur géif verweisen, zougespillt huet. Dat eenzegt wat ech ka soen, dat ass, dass an deem Kader vun där soi-disant Cargolux-Affär, hunn ech eben duerch d'Press matkritt, dass eng Ecoute an där Affär, ënnert deenen illegalen Ecoutë soll gewiescht sinn. Ech hu mech doropshin als Zeien constituéiert, well ech den Datum vum 4. Abrëll 2008 vum deemolegen Operatiounschef vum Geheimdéngscht an d'Lokaler vum SREL invitéiert gi sinn fir déi Ecoute do virgespillt ze kréien. Ech sinn do vun der Untersuchungsriichterin, vum Parquet invitéiert ginn fir déi Ausso ze maachen.

Komescherweis, säitdeem, säit ech déi Ausso gemaach hunn, a säit ech an der Enquêtekommissioun iwwert de Geheimdéngscht ausgesot hunn, tauche lénks a riets sou komesch Geschichten op. Iergendwéi kann ech de Gedanken net lassginn, dass dat iergendeppes domat ze dinn hätt.

Nico Graf: Déi Reprochen, déi do jo lo in extenso stinn, déi ähnele jo zimlech deem wat de fréiere SREL-Mann Frank Schneider an der Libre Belgique ugedeit hat. Dass en och Plainte géif maache géint Iech...

Jean-Claude Knebeler: Ech mengen den Här Schneider huet mech viséiert mat enger Plainte wéinst Diffamatioun. Ech ka mer net virstellen, dass den Här Schneider dann amplaz bei d'Justiz ze goen, selwer de Wee vun der Diffamatioun géif siche fir sou Saachen ze streeën. Also ech mengen, dat kann een ëm nu wierklech net virwerfen. E misst d'Gesetz jo awer besser kennen.

D'Conclusioun aus allem wat déi eng soen a schreiwen a wat deen anere am Interview seet, d'Conclusioun ass dës: d'Ähnlechkeeten an d'Konvergenzen sinn esou frappant, datt et verwonnerlech wier wann net och de Frank Schneider mat nuqudy geschwat hätt.

AUDIO: De Reportage vum Nico Graf (04/09/2013 - 12h30)