Bausch: Keng Iwwerwaachungs-Demande vun der NSA un de SREL

Et gouf et keng Demanden vun der NSA beim Lëtzebuerger Geheimdéngscht, fir zesummen den Internet oder Telefonater ze iwwerwaachen.
Dat sot um Dënschdeg de President vun der SREL-Kontrollkommissioun, de François Bausch, virum SREL-Gebai zu Gaasperech. D'Kontrollkommissioun huet sech mat de rezente Revelatiounen iwwer d'NSA beschäftegt. Do giff et keng Repercussiounen op Lëtzebuerg ginn, well den Territoire ze kleng wier a well d'Problematik vum Terror hei net akut wier. D'Chamber misst awer iwwer d'Datesécherheet debattéieren, sot de François Bausch.
AUDIO: François Bausch iwwer NSA-SREL
Am meeschte gelies