De Bommeleeër-Prozess geet virun!

E Méindeg am Nomëtteg geet de Bommeleeër-Prozess no 2 Méint Paus nees virun. De Joerhonnertprozess ass nach wäit dovun ewech, ofgeschloss ze ginn.
Bis ewell goufen nämlech vun deene knapp 100 Zeien, déi de Parquet an d'Affekote vun den zwee Beschëllegte virun d'Riichteren zitéiert hunn, nëmmen e Grapp voll gehéiert.
E Resumé vun deem, wat bis ewell geschitt ass
Nom Défilé vun den Zeien um Ufank vum Prozess goung et séier lass mat eventuelle Verwéckelunge vum Geheimdingscht a vu Stay behind an d'Attentater vu Mëtt der 80er Joren. Iwwer e Phantombild, dat de grand Public ni ze gesi krut, an d'Géigeniwwerstellung tëscht dem Geschäftsmann Ted Wormeringer an dem Ben Geiben ass ee bei enger Renconter tëscht dem Brigade mobile-Grënner an dem Robert Biever zu Uewerdonwen gelant, grad wéi bei enger, zu Konter, tëscht dem deemolege Procureur d'Etat an de Prënze Jean a Guillaume. Den däitschen Historiker Andreas Kramer, di bescht Spuer Ben Geiben, d'SREL-Konklusioun. de Stay behind wär responsabel fir d'Attentater, Insideren als Auteure vun den Explosiounen an d'Iwwerwaachung vun de Bommeleeër-Enquêteuren duerch de Geheimdingscht, alles dat ware weider Etappen, ier et sou richteg lass goung.
D'Impressioun vum Robert Biever a vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz, de Justiz- a Policeminister vun där Zäit, Luc Frieden, hätt si net ënnerstëtzt, d'Verhale vun ë.a. dem Ex-Policechef Pierre Reuland vis-à-vis vun den Enquêteuren an d'Optriede vu Policeoffizéier um Geriicht waren dobäi d'Entrée. Den Haaptplat waren eng presuméiert Pädophilie-Affär, déi dem Robert Biever sollt ugehaange ginn, d'Interventiounen am Zesummenhank mam Gesetz iwwert d’Entrave à la justice a v.a. den Optrëtt vum Pierre Reuland virun de Riichteren.
De Prozess geet elo, ausser et kënnt zu Revirementer, mol viru mat den Auditioune vun Experten a mam Resultat vun der DNA-Analys vum Andreas Kramer. Déi aner Woch ass et dann um Patrice Solagna, Direkter vun der Police judiciaire, fir auszesoen, ier vun Ufank bis Mëtt Oktober déi zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes gehéiert ginn.