Stay behind-Bréiwer: Bommeleeër-Formatioun fir Lëtzebuerger

Un déi verschidde Parteien vum Bommeleeër-Prozess si fréier top secret Stay-behind Pabeieren vum Geheimdéngscht verdeelt ginn, déi deklassifizéiert sinn.
Dat heescht, se sinn net méi geheim - a se läien eis vir. An an deene Pabeier steet, datt et am Kontext Stay behind Training gouf, wou Stay-behind-Leit aus Nato-Länner geléiert gi sinn, mat Bommen ëmzegoen a Bommen ze bastelen – dorënner da wuel och Lëtzebuerger, well de Geheimdéngscht eng interessant Invitatioun kritt hat.
An déi Invitatioun ass aus dem Joer 1973, ënnerschriwwen vun der CIA-Legend James Angleton. Et geet carrément ëm Terroristen-Training. An enger éischter Approche natierlech drëm, Terroristen a Bommeleeër an hir Ziler ze erkennen an ze detectéieren. D'Schüler solle geléiert ginn, Sprengstoff ze handelen, Feier ze leeën, Sabotagetechniken ze léieren an déi, di dat fréier geléiert hätten, déi wieren opgefuerdert ginn, dat och an hir respektive Länner ze applizéieren. Mee se ginn och geléiert esou Tentativen ze erkennen, dat heescht, se ginn och geléiert, wéi een evitéiert, Spuren ze leeën. An erauskënnt um Enn de perfekte Bommeleeër.
Dat ass deen een interessante Bréif. An deem anere steet, Amerikaner a Lëtzebuerger sollten e bi-nationaalt Ofkommes treffen. Déi Lëtzebuerger Säit soll op onkonventionell Krichsféierung preparéiert ginn. Onkonventionell - dat heescht ëmmer Terror a Sabotage – also genee dat, wou hei am Land ëmmer gesot gëtt, dat hätt et hei an de Stay-behind-Reseauën net ginn.