Bommeleeër-Reprise: DNA-Auswäertung ouni Resultat!

© RTL-Archiv
Et wor méi eng kuerz Seance ouni richtegt Resultat: En däitschen Expert ass gehéiert ginn iwwer d'DNA-Spuren. Eraus koum ... näischt!
"Sie haben sich viel Arbeit gemacht", sot d'Riichterin, "aber das Resultat war enttäuschend", huet den DNA-Expert enchaînéiert an e sot och nach "ausser Spesen nix gewesen".
An esou wor et dann och mat deem, wat hie presentéiert huet: D'DNA-Spuren op den Erpresser-Bréiwer, op de Batterien an op soss Beweismaterial hunn net zu iergendengem Resultat gefouert. Dem Dr. Klaus Bender säin Exposé war ganz technesch, mä duerfir awer och ganz kuerz: "mitochondriale DNA, berechtigte Spurenleger, Sequenzierung, Mischung vun Teil-Profilen" ... an deem Jargon ass et eng Dräivéirelstonn laang gaang – an et hat een net d'Impressioun, wéi wann iergendeen am Raum eppes verstan hätt. Bis eben op d'Pointe, datt näischt erauskomm ass.
An déi aner Pointe ass an der Tëschenzäit eng al: Zwee Drëttel vum Beweismaterial si verschwonnen an duerfir heescht dat net ze vill, datt den DNA-Spezialist näischt fonnt huet.
Opreegung gouf et nëmmen eng Kéier: Den däitschen Dokter huet op eemol vun engem Auto a vun enger Visittekaart geschwat, Saachen, vun deenen, d'Police DNA geholl hätt – a kee wosst eppes vun deeër Aktioun, d'Defense net, de Procureur net an d'Riichterin net. Den Enquêteur Klein ass dunn un d'Barre geruff ginn an hien huet explizéiert, an enger heemlecher Aktioun wieren déi Prelevementer vum Auto a vun der Visittekaart vum fréiere Gendaarm Ben Geiben geholl ginn – an et hätt ee leider vergiess, dat am Dossier ze mentionnéieren. Wat de Maître Vogel natierlech erëm gläich gedoen huet an d'Héiluucht ze goen, wéi soll hie Vertrauen hunn an e Polizist, deen esou eppes vergiess hätt ...
Comeback vu "Stay behind"?
Soss wat d'Seance markéiert vun e sëlleche Conclusiounen, déi de Maître Vogel direkt um Ufank gezunn huet. Wou hie besonnesch op d'Spur "stay behind" gewisen huet unhand vun Dokumenter, déi RTL och d'lescht Woch presentéiert hat. Do misst villes explizéiert ginn, sot de Maître Vogel, deen de Patrick Heck vum Geheimdéngscht doriwwer héiere wëll.
Mat dem angebleche Geheimdéngscht an der Police – POSA genannt – solle sech d'Enquêteuren elo emol beschäftegen an da muss dee Mann, deen dat dem Gaston Vogel an engem Bréif geschriwwen huet, och vläit als Zeien um Geriicht optrieden. Do geet et jo drëms, ob d'Defense géif observéiert, intimidéiert a sabotéiert ginn.
De Gaston Vogel wollt och endlech Detailer hunn iwwer d'Attack op d'viischt Dier vu senger Etude. An d'Lydie Lorang huet nach eng Kéier betount, och an hir Etude wier agebrach ginn a si hätt onexplikabel Problemer mam Telefon gehat.
Weder d'Riichterin nach de Procureur hu sech vun der Defense hire Problemer impressionéiere gelooss an iwwer d'Stay-behind-Piste, sot de Procureur Georges Oswald, iwwer déi Piste hätten déi nei Dokumenter nu wierklech näischt iwwerzeegend Neies bruecht.
D'Ambiance am Geriicht war éischter gelueden an d'Riichterin huet dem Maître säin heftege Langage kritiséiert. Deen huet versprach, an Zukunft Bel-Airer Dialekt ze schwätzen.