Comité vun de Betraffenen: Keng SREL-Dokumenter zerstéieren!

D'Dokumenter a Fichë sollen un eng onofhängeg Instanz weidergeleet ginn, zum Beispill den Nationalarchiv.
Virun der Reunioun vun der Enquêtekommissioun e Mëttwoch fuerdert de Comité vun de Betraffenen a Bespëtzelten, dee sech gegrënnt hat, an engem Bréif un de Kommissiounspresident Alex Bodry, datt keng Piècë vu Responsabler vum SREL zerstéiert dierfe ginn.
D'Dokumenter a Fichë sollen un eng onofhängeg Instanz weidergeleet ginn, zum Beispill den Nationalarchiv, an zwar nach ier d'Enquêtekommissioun Uganks Oktober opgeléist gëtt. De Comité insistéiert, datt alleguerten d’Dossiere vum SREL viséiert sinn, also net nëmmen déi an der Escher Strooss an der Stad, mä och am Backup zu Senneng.
Vill Leit, déi an der Vergaangenheet bespëtzelt gi wieren, hätte festgestallt, datt eng ganz Rei Observatioune guer net repertoriéiert waren.
Donieft freet de Comité eng Entrevue mam Alex Bodry, nach virun der nächster Sëtzung vun der Enquêtekommissioun, déi ass wéi gesot e Mëttwoch, 18. September.