Déi Lénk: Janine Frisch bis Juni 2013 vum SREL iwwerwaacht

Bis dëst Joer gouf d’Janine Frisch vum Geheimdéngscht iwwerwaacht. Staatsministère schwätzt awer vun enger "isoléierter Donnée".
Dat hunn déi Lénk um Dënschdeg am spéide Moien op enger Pressekonferenz deklaréiert. De Grond fir dës Iwwerwaachung duerch de SREL wär, dass d’Janine Frisch d’kurdesch Journalistin Zubeyde Ersöz bei sech opgeholl hat, déi 2006 politescht Asyl hei am Land krut.
Enn Mäerz hat de fréiere Stater Gemengerotsmember gefrot, ob et beim Geheimdéngscht en Dossier iwwer si géif ginn. 4 Méint drop krut si dës Äntwert:
"L'autorité de contrôle vous informe qu'à 'occasion d'une visite au SREL, le 6 juin 2013, elle a constaté que des données personnelles vous concernant faisaient l'objet d'un traitement dans le cadre d'un fichier opérationnel. Ces données étaient traitées en relation avec le dossier concernant une autre personne et une association, qui à l'époque intéressait le SREL. L'autorité a constaté que ce traitement n'était pas légitime et par courrier au SREL en date du 20 juin 2013 elle en a ordonné la radiation. Le 19 juillet 2013 l'autorité a procédé au contrôle de l'exécution de cette mesure et elle est en mesure de vous informer que le ASREL n'opère plus de traitement vous concernant."
D’Janine Frisch huet vu gravë Faite geschwat an dovun, dass entgéint deem, wat de Staatsminister sot, d’politesch Iwwerwaachung hei am Land géif weidergoen.
Mëttlerweil huet de Staatsministère via Communiqué formell op dës Reproche reagéiert an dementéiert. D'Janine Frisch wier net direkt oder indirekt observéiert ginn, heescht et do.
Am Kader vun der Iwwerwaachung vun enger anerer Persoun, wieren Telefonskontakter an där hirem Entourage retracéiert ginn. An deem Zesummenhang wier den Numm vun der Madame Frisch an de Fichieren vum Srel genannt ginn. Et géif sech dobäi awer ëm eng passiv an isoléiert Donnée aus dem Joer 2007 handelen. Dowéinst kéint een net vun enger politescher Iwwerwaachung schwätzen, sou de Staatsministère.
De Serge Urbany, déi Lénk huet gefrot, dass den Här Wiwines vun der Enquêtekommissioun gehéiert gëtt
Dat am Kontext vun de Reprochen, déi di Lénk der Regierung am Fall Janine Frisch gemaach hunn, sief et, d'Fra wier observéiert ginn. De Staatsministère hat déi Virwërf formell dementéiert, et wiere just Telefonskontakter vun enger anerer Persoun hirem Entourage ofgelauschtert ginn. Also aus der Adame Ersöz hirem Entourage, esou dem Serge Urbany seng Conclusioun. Den Här Wiwines, deen den Serge Urbany an d'Enquêtekommissioun convoquéiere wëll, hat der Madame Frisch hire Fichier beim SREL als illegitime klasséiert.
De Serge Urbany huet e Bréif opgesat an dono och nach dës Zousazinfo verschéckt:
Prise de position complémentaire
Je viens d'apprendre que le gouvernement confirme le retraçage des contacts téléphoniques de Janine Frisch en rapport avec une "personne cible" dont il est prétendu qu'elle était "inscrite sur la liste des organisations terroristes de l'Union Européenne".
Il se confirme donc qu'il s'agissait du cas de Mme Ersöz.
Donc il est confirmé aussi que celle-ci était encore sur écoute téléphonique en 2007, donc un an après que la demande d'extradition de la Turquie ait été repoussée par le Luxembourg et qu'elle ait reçu asyle politique.
S'agissait-il d'une écoute téléphonique illégale?
Ou avait-elle été autorisée? Par qui?
N'oublions pas que le fichier de Mme Frisch auprès du SREL a été déclaré comme illégitime par M.Wiwines.
J'ai demandé que M. Wiwines soit entendu par la commission d'enquête.
Serge Urbany, membre de la commission d'enquête