Bommeleeër-Prozess: Englesch war net Mammesprooch!

Gewëss Kompetenzen am Englesche jo, mä d'Bréiwer wären net vun engem geschriwwen, deem seng Mammesprooch englesch ass, esou eng Expertin.
Am Bommeleeër-Prozess huet de Procureur Georges Oswald um Dënschdeg de Mëtten um Ufank vun der 62. Sëtzung erkläert, dass hie viru Woche vum Procureur Jean-Paul Frising Piècë krut, déi deen an engem ale Büro vum Procureur général d'Etat Robert Biever fonnt huet. Dora war déi Note vum Expär vum Méindeg, dem Dr Bender, iwwer eng DNA-Analys vum Ben Geiben, iwwer déi jo keng Spuer am Dossier ass. Hie wéisst net, firwat dat net de Fall war, sou de Procureur.
De Me Vogel gesäit doduerch d'Rechter vun den Ugeklote leséiert an huet gefuerdert, de Prozess eng Woch auszesetzen; vun enger Égalité des armes tëscht der Defense an der Uklo kéint nämlech keng rieds sinn.
D'Me Lorang huet sech gefrot, ob, well déi Pièce net am Dossier ass, vläicht en Tri gemaach gouf. Si hätt op Grond vun där Pièce eventuell weider Froen un den Expert.
D'Riichterin Sylvie Conter huet no enger Paus d'Aussetze vum Prozess zréckgewisen. Den Expert kéint awer nach weider Froe vun der Defense gestallt kréien.
Me Lorang: Wat feelt soss nach?
D'Me Lorang huet sech doropshi gefrot, wat de Procureur Rober Biever an dëser Saach ze dinn hat, wann den Untersuchungsriichter am Gaange war mat schaffen.
Den Enquêteur Carlo Klein huet deklaréiert, et wär wichteg gewiescht, en DNA-Bild vum Ben Geiben ze kréien. Deem seng Spure wären zu Mainz ënnersiche gelooss ginn, woubäi en negatiivt Resultat eraus koum. Dono hätt de Grënner vun der Brigade mobile iwwregens fräiwëlleg seng DNA ginn.
D'Me Lorang huet dono d'Fro gestallt, wat soss nach am Dossier feele géif, wann d'Enquêteuren iwwert d'Plus-valuë vu Piècen decidéieren.
Englesch net Mammesprooch!
D'Dr Christa Dern, BKA-Expär fir Linguistik, huet dono Präzisioune ginn zu hirem Rapport iwwert d'Erpresserbréiwer vun de Bommeleeër. Si kënnt zum Resultat, dass den Auteur oder d'Auteure vun de Bréiwer wuel gewëss Kompetenzen am Engleschen hunn, mä d'Bréiwer wären net vun engem geschriwwen, deem seng Mammesprooch englesch ass; däitsch a franséisch hätt hien oder si awer wuel aktiv gebraucht. Opfalend wäre v.a. déi falsch Sazstrukturen an de Bréiwer.

Fir d'Spezialistin goufen d'Erpresserbréiwer 1 bis 7 wuel vun därselwechter Persoun verfaasst, wougéint de Bréif 8 net ze bewäerte wär. D'Dr Dern huet nach op eng administrativ Ausdrocksweis higewisen an dorop, dass keng Aussoen iwwert den Alter an de berufflechen Hannergrond vum Auteur oder den Auteure méiglech wär.
No enger weiderer Sëtzungspaus huet de Me Vogel eng Konklusioun virgeluecht, déi d’Nullitéit vun der Prozedur freet op Grond vun der Note vum Expert Dr Bender, déi net virgeleeën huet.
Hiwäis op Ben Geiben? Méiglech, ma net sécher!
D'BKA-Expär fir Linguistik huet doriwwer eraus e Verglach gezunn tëscht 3 Schreiwe vun Ben Geiben an den Erpresserbréiwer. Si kéint nëmmen eng limitéiert Ausso maachen, mä et géif opfalen, dass d’Mammesprooch net englesch ass an eenzel Saachen iwwerenee stëmmen. Der Dr Dern hire Fazit ass deen, dass et méiglech ass, dass de Ben Geiben d’Bréiwer verfaasst huet, mä et wär bei wäitem net sécher.
Um Enn vun der Sëtzung sot d'Sylvie Conter nach, dass um Mëttwoch keng ass!