Wie wësse wëll, wat de SREL an der Vergaangenheet iwwer hie gesammelt huet, dee soll sech mat senger Demande begannen.

Dat sot um Mëttwoch den Alex Bodry, de President vun der Enquête-Kommissioun Geheimdéngscht, well déi al Archiver stinn nach just e puer Wochen ënner der Opsiicht vun de Kommissioun. 400 Leit hu gefrot, wat iwwer si an den Archive vum SREL steet, 50 där Demande stinn nach op, sot de Commissiouns-President Alex Bodry an et kann een och nach ëmmer seng Demande eraginn,wann ee sech tommelt, well d'Situatioun ass elo net einfach, wéint der Chamber déi sech opléist. Da besteet nom 7. Oktober automatesch d'Enquête-Commissioun net méi. Et misst gekuckt ginn, wéi een also Demanden nach kéint traitéieren.

Et ass och schonn eng Léisung envisagéiert ginn, well d'Enquête-Commissioun hat jo och decidéiert, datt déi al Archiven sollen analyséiert ginn, vun Historiker, och den zweete SREL-Archiv, dee vu Senneng soll – wann d'Justiz et net méi brauch – an d'National-Archiven transferéiert ginn.

D'Commissioun huet um Mëttwoch net iwwer Disziplinar-Mesure géint déi fréier SREL-Membere geschwat, déi jo intern an extern versat gi sinn. Par conter ass geschwat ginn iwwer de Fall Janine Frisch vun déi Lénk, déi Informatiounen hat, si wier fichéiert ginn. Do gouf et elo weider Explicatiounen, sot de Serge Urbany, Informatiounen an deem Sënn, datt effektiv de Fall vun enger kurdescher Journalistin den Hannergronn war fir dee Fichage vun der Janine Frisch – mee ouni weider Präzisiounen. Et wier extrem onbefriedegend, datt een doriwwer näischt Geneeës méi gewuer ka ginn.

AUDIO: Enquête Comm. SREL/Reportage Nico Graf