Bommeleeër: DNA-Spur fonnt? Me Vogel fuerdert Exhuméierung!

Expertin aus Staatslabo: DNA vum Andreas Kramer analyséiert mam Resultat: Et ass net auszeschléissen, dass dem Papp Kramer seng DNA op engem Bréif ass ...
Virop war et um Donneschdeg d'Informatioun vun der Presidentin vum Geriicht, datt um Donneschdeg, 17. Oktober keng Sëtzung ass.
Dunn huet d'Dr. Petkovski, Expertin aus dem Staatslabo, ausgesot: Si hat d'DNA vum däitschen Zeien Andreas Kramer analyséiert. Deen hat säi Papp jo a Kontakt mat de Bommeleeër bruecht a behaapt, säi Papp hätt eppes mat den Attentater ze sinn.
D'Resultat vun der Analys: D'Hypothees ass net auszeschléissen, dass dem Papp Kramer seng DNA op engem Bréif ass. Ma d'Expertin seet och, dass fir Sécherheet ze hunn, weider Analysen néideg sinn.
Ma d'Mamm an de Papp Kramer sinn dout. De Me Vogel fuerdert dowéinst Exhuméierung vun der Läich, respektiv de Läichen!
Kuerz viru 16 Auer war d'Sëtzung um Donneschdeg schonn eriwwer.
Um Méindeg geet et da weider mam Patrice Solagna, Chef vun der Police judiciaire, deen als Zeie geruff ass.
De provisoresche Plang vum Geriicht fir déi aner Woch:
Lundi, le 23 septembre 2013 – Patrice Sologna Mardi, le 24 septembre 2013 – Patrice Sologna (Réserve)
Mercredi, le 25 septembre 2013 – Expert allemand BKA (Fallanalyse)
Jeudi, le 26 septembre 2013 – Expert allemand BKA (Fallanalyse)