Sträitgespréich tëscht BL-Enquêteuren a Patrice Solagna

De Chef vun der Police judiciaire, Patrice Solagna, huet Enn Oktober 2006 probéiert d'Bommeleeër-Enquête ofzebriechen.
En huet versicht d'Enquêteuren, déi jo an engem extrae Gebai souzen, erëm zréck op Hamm bei d'PJ ze kréien. Firwat de Patrice Solagna dat gemaach huet, doriwwer gëtt um Méindegnomëtten am Bommeleeër-Prozess geschwat.
Do spillt dann och e Rapport eng grouss Roll, deen d'Enquêteuren deemools iwwer e Sträitgespréich mam Patrice Solagna gemaach haten.
Hei den "originale" Protokoll vun deem Gespréich.
De SOLAGNA freet ewei laang datt dat Dengen nach dauert.
Hien well net mei datt nach eng Keier 6 Meint verlängert get an hien seet hien hätt dest och dem Procureur schons gesoot, et keint net sinn datt et emmer erem zu Verlängerungen kennt irgendwann misst een den Dossier och ofschleissen. Och wann en ofgeschloss ass kennt et bestemmt emmer erem zu deier enger oder anerer Saach ewou een enqueteieren muss.
De SOLAGNA freet ob mir schons mat der Madame Woltz iwert Hamm geschwaat hätten. Mir soen nee. Hien seet hien wellt, datt mir zreck op Hamm keimen.
Mir froen wou hien den Virdeel gesait, datt mir zreck op Hamm kommen, mir erklären him, dat mir ausgelagert gin sin fir kennen a Rouh Vernehmungen ze machen an mir soen him, datt mir an enger warmer Phase sinn.
Hien well eis erklären datt och zu Hamm permanent Leit ran an raus gin an datt et net opfellt op mir oder een aneren een bestallt huet. Mir erklären him nach eng Keier, datt mir Leit heiren di net zu Hamm an an aus goen wellen.
Hien freet wie mir eis dest firstellen an bemierkt, datt hien sech net virstellen kann, datt mir elo nach Leit heieren. Mir widerspriechen him vehement an soen datt mir genau an enger Phase sinn ewou ganz vill Leit geheiert gin.
Hien well dest net glewen a besteet drop, datt mir zreckkommen op Hamm.
Mir soen him datt den Dossier an enger brisanter Phase ass, a Froen op Madame Woltz him gesoot huet datt mir intern enqueteieren an datt, wann mir elo op Hamm zreck gin, kuerz drop jiddereen wees op wien mir an der Verwaltung schaffen. Dat wier eben Situatioun.
De SOLOGNA well nachmols wessen ewei laang dat et dauert, an mir soen him datt mir et net wessen.
SOLAGNA well onbedingt een Datum wessen. Mir kennen him keen gin.
Mir soen him datt hien gefrot gin ass, fir an den Dossier eran ze klammen hien dat awer net wollt, elo geif hien Drock machen dat mir färdeg gin sollen. Mir soen him, dat et vill mei einfach gewiecht wir wann hien am Dossier mat dran wir da keint hien sech elo een Bild machen a Plaatz dat mir elo hei setzen an mir mierken, dat hien probeiert Drock op eis ze maachen fir datt den Dossier net an eng Richtung evolueiert ewou en am gangen ass hinzegoen.
Mir soen him, dat dess Situatioun alles anescht wie angenehm ass a widerhuelen dat hien keng Responsabiliteit am Dossier iwerhuelen well.
Mir haten him am DG ganz daitlech gesoot an wat fir eng Richtung dat et geet an hien weisst jo wann dat Publique giff gin, wat da lass geet. Hien an den DG weissten dat speistestens no den Perqui.
Mir soen him datt mir net wellen den Pingpongsball sinn. Den SOLAGNA wees datt sollen Leit aus der Verwaltung geheiert gin. Mir bemierken, datt et vill mei einfach wir wann Leit sech giffen erenneren an hien äntwert 20 Joer wieren een laangen Daag.
Den SOLAGNA seet hien weilt eis erem zu Hamm integreieren!
Mir soen him, datt mir op Hamm kommen wann hien dest esou unurdnet, an mir soen him datt mir och eng Aktennotiz vun desem Gespreich an den Dossier machen.
Mir soen him datt mir seng Interventioun hei ganz kloer als Drock verspieren, datt naischt mei soll am Dossier gescheien, an datt mir dest och am Dossier esou notteieren. Mir soen him och datt mir eis virstellen kennen vun wem den Drock, dien hien elo op eis mecht kennt fir opzehaalen.
Den Solagna äntwert, datt den Drock vun allen Seiten kennt, och vun denen eegenen Kolleegen. Hien seet mir keinten keng 30 Joer hei enqueteieren.
Mir soen him datt mir dest gespills mat him hei elo genuch hätten an datt mir eis dest net gefaalen loossen an datt mir wessen datt hien vum DG gescheckt gouf fir datt et Schluss wier.
De Solagna äntwert datt net nemmen den DG well datt et zum Schluss kennt.
Den Solagna seet, datt hien eng ganz Partie Leit an der PJ hätt, denen hier Dossien iwert de Kapp woussen dorfir missten mir zreck kommen. Hien seet Leit an der Kantine giffen schons iwert eis schwätzen ewou mir wiren a wat mir machen.
Mir soen him, datt mir op seng Ennerstetzung zielen, wann et an nächster Zukunft zu bestemmten Mossnahmen kennt, an mir soen him datt mir dann missten wessen ewou hien steet.
Den Solagna set datt mir oppassen mussen, datt eis Plaatzen an der PJ net duerch aaner Leit besaat goufen, wann mir esou laang fort wiren, da misst een kucken ewou mir giffen hinkommen.
Mir gesinn dest kloer als Drohung.