Bommeleeër - Solagna seet aus: "Erënnere mech net dorun"
Déi 2 Ugeklot Scheer a Wilmes ...
Den Direkter vun der Police judiciaire krut jo vun den Enquêteure reprochéiert, en hätt Drock gemaach, fir dass si den Dossier Bommeleeër zoumaachen ...
Lass goung et um Méindeg awer mat den DNA-Spuren, déi jo ewell déi aner Woch fir Opreegung gesuergt haten.
Dem Me Vogel no ass de Papp Kramer verbrannt ginn; d'Defense hätt awer eng Rëtsch Saachen, déi dem Père Kramer gehéiert hunn.
De Presidentin vum Geriicht no gouf am Rapport vun der DNA-Expertin Petkovski ë.a. Bezuch geholl op e Schreiwes, dat vum Jos Steil war a keen Erpresserbréif; déi Pièce hätt net däerfe considéréiert ginn; d'Spezialistin soll e Méindeg 8 Deeg dozou gehéiert ginn.
Dem Me Vogel no misst alles, wat et vu Stay behind beim Geheimdéngscht gëtt, konservéiert an der Defense ënnerbreet ginn.
Den Zeien Daniel Lauckes sot, en Adjudant géif en Numm vun engem "Stay behind"-Member kennen.
Solagna: Un Enn vun Enquête gegleeft
Dann zum Zeie Solagna: 2006 ass hie Chef vun der Police judiciaire ginn; 1985 ass en an d'Gendarmerie komm; an hie wier net mat Attentater befaasst gewiescht.
Hien hätt d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz esou verstanen, dass d'Enquête bal ofgeschloss wär; si hätt d'Impressioun gehat, de Solagna wéilt sech net tëscht zwee Still setzen.
Am Oktober 2006 hätt dëse gesot, d'Enquêteure sollte mat der Aarbecht ophalen, fir se zréck op Hamm ze kréien, wéinst massivem Personalmanktem; all Sektiounen hätten him virgehäit, net genuch Leit ze hunn; am Oktober 2006 hätt hien d'Verlängerung vun der Bommeleeër-Enquête net refuséiert, mä eng aner Léisung mam Doris Woltz fonnt; et wier net drëm gaangen ofzeschléissen.
Mam Pierre Reuland hätt hie kee preziist Gespréich iwwer d'Bommeleeër gehat; hien hätt vun der Enquête an der Police gewosst a wier vun der Hypothees ausgaangen, dass et geschwë fäerdeg wär.
Fro-Äntwert-Spill: Wësse wëllen an erënnere kënnen ...
Der Presidentin vum Geriicht Conter no hätt dës Hypothees vun Oktober un net méi gegollt; de Solagna wousst eegenen Aussoen no net, wou d'Enquête hiféiere géif.
D'Riichterin Conter: "Dir wollt et net wëssen!"
An dat wier en Ënnerscheed ...
Replique Solagna: Nieft dem Bommeleeër waren nach aner Affäre wichteg.
De Procureur Oswald huet no der Menace un d'Enquêteure gefrot.
Solagna: Keng Menace! Argument, fir zeréckzekommen.
Riichterin Conter: Offizéier kënne sech hei net u vill erënneren; vu weem Drock komm?
Solagna: Enquêteure vun Drock geschwat ...
Conter: Dir wollt d'Verlängerung net méi, Enquête sollt op en Enn kommen; Dir hutt gefrot, ob sech d'Enquêteure bei der Interpellatioun vun zwee Ugekloten zu 300 Prozent sécher wären ...
Procureur Oswald: Solagna hätt der Untersuchungsriichterin Woltz no gesot, et wär e Gruef opgemaach ginn, deen net méi zougemaach kéint ginn.
Solagna: Ech konnt mer net virstellen, dass déi zwee et wären ...
Riichterin Conter: Dat Commentaire; dat anert geet doriwwer eraus ...
D'Presidentin vum Geriicht huet vun engem "Bumerang" geschwat.
Solagna: Hu mech gefrot, ob Enquêteuren net géife falsch leien a wat kéint op d'PJ zeréckfalen ...
Conter: Hutt Dir eng Reaktioun vun der Policegewerkschaft ugekënnegt?
Solagna: Erënnere mech net dorun ...
Conter: Wéi ass dat gaangen, wéi d'Enquêteuren zeréckkoumen?
Solagna: A mengen Ae reibungslos ...
Conter: Gouf Enquêteur Scheuer lénks leie gelooss?
Solagna: Neen; hunn och kee Wëssen iwwer d'Auteure vun den Attentater.
Dono war Schluss. Um Dënschdeg keng Sëtzung.