Bommeleeër-Prozess: BKA-Expert iwwer Motiver vun Attentater

An d'Fro, op d'Rechter vun der Defense oder awer vum Geheimdéngscht priméieren, gëtt am Oktober tranchéiert ...
Um Ufank vun der Sëtzung vum Mëttwoch huet de Procureur Georges Oswald matgedeelt, dass sech d'Verfassungsgeriicht den 11. Oktober mat der Question préjudicielle beschäftegt, wat am Joerhonnertprozess priméiert, d’Rechter vun der Defense oder d’Geheimdéngschtgesetz.
D'Riichteren hate sech Mëtt Mee inkompetent erkläert, wat dës Fro ugeet, a se un d'Cour constitutionnelle weiderginn.
Et geet konkret drëms, ob sech Leit vum SREL hannert deem Gesetz verstoppe kënnen, fir net am Bommeleeër-Prozess mussen auszesoen.
BKA-Mann seet aus
Dono war et un engem Kriminalhauptkommissar vum BKA, deen ee vun den Auteure vun der sougenannter Fallanalys ass, fir d'Method an d'Resultater dovun ze presentéieren. De Mann huet sech v.a. mat den Erpresserbréiwer an dem Attentat zu Hollerech befaasst.
Am 1. Erpresserbréif wär d'Explosioun um Stafelter revendiquéiert ginn; allerdings wär e Succès vun der Erpressung net geplangt gewiescht, mä wär et éischter drëm gaangen, eng Legend opzebauen. D'Motivatioun vun den Attentater wär gewiescht, fir "Responsabler" zur Rechenschaft ze zéien.
Fir de Kriminalhauptkommissar vum BKA war d'Attentat zu Hollerech speziell, well et op Nationalfeierdag geschitt ass, wuel méi laang geplangt war an d'Auteuren nawell en héije Risiko agaange sinn. D'Zil, fir vill Opmierksamkeet ze kréien, hätten d'Bommeleeër domat erreecht.
Zum Resultat vun der Fallanalys wär ze soen, dass de Risque soss éischter kleng war, d'Attentater allerdings e grousse Succès haten, spréch vill Schued an Opmierksamkeet provozéiert hunn. Opfälleg wär donieft d'Diskrepanz tëscht dem Succès vun den Attentater an der Oflenkung duerch d'Erpresserbréiwer.
Wéi eng Motivatioun haten d'Bommen?
Op d'Fro, wat fir eng Ziler de BKA-Mann hannert den Attentater gesäit, huet hien "an der Haaptsaach idealistescher" geäntwert.
D'Presidentin Sylvie Conter wollt dunn nach Prezisiounen hunn zu den Attentater um Findel an um Aasselscheierhaff. Dozou sot de Kriminalhauptkommissar, dass um Findel Zerstéierung d’Zil war an um Aasselscheierhaff Oflenkung, fir an de Kasematte kënnen zouzeschloen.
Zu de leschten Attentater op Haiser vu Personalitéite sot de BKA-Mann, déi wäre schwéier z’erklären, well se aus dem Muster erausfale géifen. Beim Attentat op d'Haus vum fréiere Gendarmeriekommandant Wagner da wäre perséinlech Motiver net auszeschléissen.
"Wär hautzedaags eng nei Fallanalys méiglech?", wollt d'Me Lorang vum Expert wëssen. Dee sot, dozou kéim et nëmme bei wesentlechen neien Erkenntnisser, an z.B. net duerch DNA; a sengen Ae wär dat hei net de Fall. Zur Qualifikatioun vun de Bommeleeër sot de Mann, si hätten ë.a. eng Formatioun mat Sprengstoff an eng Bastlermentalitéit gehat.
Persouneschued? Jo an neen!
Wéi de BKA-Mann festgehalen huet, dass et bei der Explosioun um Aasselscheierhaff net onbedingt zu Persouneschued sollt kommen, hunn d'Affekote vun der Defense gemengt, an deem Fall hätt een net misse virun d’Chambre criminelle kommen!
A puncto Sprengfal um Findel war et d'Ausso vum Spezialist, dass déi d’selwecht opgebaut war wéi déi um Aasselscheierhaff; allerdings wär do e Persouneschued, ënner Ëmstänn vun engem Polizist oder Gendaarm, mat a Betruecht gezu ginn. Do wär et eventuell drëm gaangen, fir den Drock z’erhéijen.
"Stay behind": Éischter onwahrscheinlech
D'Hypothes "Stay behind" kann een opstellen, huet den Zeie betount. D'Fro stellt sech, wat fir Ziler domat sollten a wat effektiv erreecht gouf. Et wär ë.a. zu engem Changement un der Spëtzt vun der Gendarmerie komm, wat éischter op Stabilisatioun wéi op Destabiliséierung hindeite géif. Nom leschten Attentat hätt et kee Bedürfnis méi no weideren Explosioune ginn, soudass ënnert dem Stréch eng Implicatioun vu "Stay behind" éischter onwahrscheinlech wär.
Op d'Remark vum Me Vogel, de Findel wär e militärescht Zil gewiescht, huet de BKA-Mann geäntwert, ënner Ëmstänn hätten e puer Motiver virgeleeën.
Um Donneschdeg ass iwwregens keng Sëtzung!