Well et gëtt jo op d'mannst zwee där Archiver, eent dat vun de Bommeleeër-Enquêteuren perquisitonnéiert gi war an dat zu Senneng.

Dat war eréischt am Laf vum SREL-Skandal bekannt ginn. Op deem gëtt elo geschafft.

Wien haut ufreet, ob säin Numm an den Archive vum Geheimdéngscht opdaucht, dee kritt geäntwert, e misst sech gedëllegen, well d'Archiv wier sous scellés, dat heescht, et wier versigelt an eréischt no der Auswäertung duerch d'Justiz kéinte Froen beäntwert ginn.An dat kann eben daueren an et betrëfft déi béid Archiver, dat éischt vun der Escher Strooss an dat zweet, wat eréischt am Summer bekannt ginn ass, dat angeblecht Back-up-Archiv vu Senneng. Wat esouvill Back-up wuel guer net ass. Vu datt doranner Saache fonnt ginn, déi et op der Escher Strooss guer net gouf.

An um Ufank housch et och, am Archiv zu Senneng giffe nëmmen Saache leien, déi aus de 60er an aus de 70er Joer kéimen. Dat ass wuel net esou, et si relativ vill Virgäng aus den 80er an aus de 90er Joer do archivéiert. Ouni datt bis ewell Geneeës doriwwer bekannt wier.

D'Sennenger Archiv gëtt elo ausgewäert vun der Justiz, an der Haaptsaach natierlech wéint der Affär Bommeleeër. Et geet drëms fir ze kucken, ob de Geheimdéngscht op där Affär wierklech esou wéineg geschafft huet wéi bis ewell gesot ginn ass – oder ob et net awer Aktivitéite gouf, déi ee bis ewell néierens dokumentéiert fonnt huet. Et wier logesch, datt de SREL op där Affär méi geschafft hätt wéi bis ewell bekannt, mä bewisen ass nach näischt.

Et ass eng Heedenaarbecht ze sinn, de Sennenger Archiv ze duerchwullen. Am Bommeleeër-Prozess ass gesot ginn, et wieren eng 40.000 Mikro-Fichen. De Problem ass, datt e speziellen Apparat gebraucht gëtt, fir d'Fichen ze kucken, en Apparat, deen et nach just op e puer Plazen am Land gëtt, zum Beispill an der Nationalbibliothéik. Jiddwer Fiche muss vun Hand an deen Apparat eragestach an da beweegt a visionéiert ginn. An dann d'Informatiouns-Quantitéit op all Fiche. Déi variéiert vun e puer bis zu 50 DIN-A4-Säite – pro Fiche w.e.g., dat heescht et kann daueren bis alles ausgewäert ass.

Op da politesch Iwwerwaachungs-Surprisen oder Revelatiounen am Bommeleeër-Dossier dra sinn, bleift ofzewaarden.