Bommeleeër: Gereizte Stëmmung a laang Lecture
Neien Eclat e Méindeg am Bommeleeër-Prozess wéint dem fréiere Police-General-Direkter Pierre Reuland. Dee wollt seng Zeien-Aussoen aus dem Summer mat heem huelen an do iwwerpréiwen. D'Riichterin war domat net d'accord an huet ugebueden, hie kéint um Geriicht alles noliesen a nolauschteren. De Pierre Reuland war alt erëm eng Kéier e ganz speziellen Zeien am Bommeleeër-Prozess.
Um Méindeg waren d'Protagoniste vum Prozess liicht genervt - et goung ëm d'DNA-Spuren. An d'Stëmmung ass mam Optrëtt vum Pierre Reuland net besser ginn ...
Am Bommeleeër-Prozess goung um Ufank rieds iwwer e Schreiwes, dat eng DNA-Expär aus dem Staatslabo krut, fir eng Analys dovun ze maachen ... Et hat sech jo erausgestallt, dass dat keen Erpresserbréif vun de Bommeleeër war.
Fir d'Dr Petkovski ännert dat näischt un hire Konklusiounen a Bezuch op de Papp vum däitschen Historiker Andreas Kramer!
Doropshin huet de Me Vogel gefuerdert, dass d'Spezialistin sollt op den Originaler schaffen, grad sou wéi op enger Täscheluucht! Wat d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter liicht genervt dozou bruecht huet, dem Affekot vum Ugeklote Marc Scheer ze soen: Dann huelt schrëftlech Konklusiounen! Dat maache mer, huet de Me Vogel och e bësse méi haart geäntwert.
Iwwerhaapt war d'Stëmmung tëscht den Affekote vun de Beschëllegten (a v.a. tëscht dem Me Vogel) an der Riichterin ferm gereizt.
D'Dr Petkovski huet no deem Intermezzo erkläert, si kéint e complementairë Rapport maachen, wat d'DNA vum fréiere Brigade mobile-Member Jos Steil ugeet, vun deem dat uewe genannte Schreiwes war.
D'Me Lorang huet dofir d'Analys vun den Originaler vun den Erpresserbréiwer vun de Bommeleeër gefuerdert. D'Dr Petkovski gesäit dora just eng minimal Chance, fir eppes anescht ze fanne wéi den Expert Bender vun der Uni Mainz.
Depositioun Reuland: 2,5 Deeg!
Viru goung et mam Virliese vun der Depositioun vum Pierre Reuland, dem Ex-Chef vun der Police. D'Riichterin Sylvie Conter sot, den Zeie kéint dat dono selwer oflauschteren, fir ze kucken, ob dat fir hien ok wär. De Pierre Reuland huet gemengt, hie géif dorop halen, mä hie wéilt d'Oflauschtere gär doheem maachen! Neen, war d'Äntwert vun der Presidentin vum Geriicht! De fréiere Policechef erkläert doropshin, hien hätt bei senger Ausso ënner groussem Drock gestanen; hie wär mat Saache konfrontéiert ginn, déi hie viru Jore sollt gesot hunn an déi deelweis aus dem Kontext gerappt gi wären. Doduerch wär e Bild entstanen, dat net richteg wär. Hie wéilt dat a Rou noliesen, sou de Pierre Reuland, awer net ënnert deem Drock, deen Dir mer elo operleet!
D'Sylvie Conter betount, dass en Audiencier, spréch e Polizist, bei him wär, an dee géif kee Wuert soen.
Seng Hänn si geflunn, hunn emol d'hëlzen Deko-Kugele vum Zeiestand maltraitéiert an dann erëm de Mikro geriicht, hien huet d'Ae verdréit a seng Stëmm war iwwerhaapt net assuréiert – grouss, ganz grouss Nervositéit beim Pierre Reuland – an et huet ee sech gefrot: firwat? Hie sot, hien hätt ma Summer bei senger Ausso ënner relativ groussem Drock gestanen – an Drock war manifestement och e Méindeg do. / © RTL Télé Lëtzebuerg (Archivbild)
Hien huet guer keen Drock, mä elo e schlecht Gewëssen, huet de Me Vogel deklaréiert. Fir d'Sylvie Conter gëtt, Zitat, d'Poursuite vun der Zeienausso vum Pierre Reuland net doheem an der Stuff gemaach a géif de Verbatim vun der Depositioun net erausgoen!
Nodeems de Me Vogel ënnerstrach huet, hie géif d'Patience vun de Riichtere bewonneren, déi si mat deem Mann hätten, sot de Pierre Reuland: Wann ech keen Zäitdrock hunn ... Hie frot, ob hie kéint liicht Adaptatiounen um Text maachen, a gesot, hien hätt jo nach d'Decisioun, fir z'ënnerschreiwen oder net. Doropshin huet d'Riichterin Sylvie Conter bemierkt: Dann diktéieren ech nach e Saz, well da kann ee bei Iech vu bonne oder mauvaise foi ausgoen!
Um Enn vun där Diskussioun huet d'Virliese vum Pierre Reuland senger Depositioun ugefaangen, fir déi zwee an en hallwen Dag virgesinn ass!
Me Vogel ... geet heem!
No de schwéierfällegen Diskussioune mam Pierre Reuland iwwer seng Zeien-Ausso ass du virgelies ginn, wat d'Greffière am Plumitif vu sengen Aussoe notéiert hat, eng Repetitioun also am Geriicht vum Pierre Reuland sengen Optrëtter am Summer ...
De Gaston Vogel huet sech dem Pierre Reuland seng repetéiert Aussoen net ugedoen an ass heem gaang ...
De Programm vun dëser Woch
D'Justiz huet um Méindeg de Moien dësen Ausbléck op d'Prozesswoch publizéiert:
- Lundi, le 30 septembre 2013 – Elizabet Petkovski (volet ADN) – Pierre Reuland ( lecture des dépositions)
- Mardi, le 1er octobre 2013 – Pierre Reuland (lecture des dépositions)
- Mercredi, le 2 octobre 2013 – Pierre Reuland (lecture des dépositions)
- Jeudi, le 3 octobre 2013 – Joël Scheuer, Marc Weis, Guy Marx (déroulement auditions/vérifications de Marc Scheer et Jos Wilmes)