De Me Vogel wëll, dass dem fréiere Generaldirekter vun der Police Pierre Reuland präzis Froe gestallt ginn iwwer eng eventuell Rumeur bei der Police.

De Bommeleeërprozess huet um Mëttwoch mat zwou Konklusioune vum Maître Vogel ugefaang.

Den Defense-Affekot wëll, dass de Bréifwiessel tëscht dem amerikaneschen an dem lëtzebuergesche Geheimdéngscht an de Prozess mat erageholl gëtt.

De Gaston Vogel wëll weider, dass dem fréiere Generaldirekter vun der Police Pierre Reuland präzis Froe gestallt ginn iwwer eng eventuell Rumeur bei der Police, d'Bommeleeër kéimen aus der Brigade mobile. Huet et esou eng Rumeur ginn a wat huet de Pierre Reuland ënnerholl?

D'Riichterin sot, dass déi Froe méi spéit am Prozess gestallt ginn.

AUDIO: Bommeleeër Lecture Reuland/Reportage Nico Graf

Et ass gelaacht ginn, et ass geschlof ginn, mä meeschtens ass de Kapp gerëselt ginn. Do huet ee sech kee Gefale gemaach, huet awer och jiddwereen vun deene puer Leit geduecht, déi sech et ugedoen hunn, nozelauschteren wéi aus dem Plumitif virgelies ginn ass. Virgelies ginn ass, wat de Pierre Reuland ugangs Juli gesot an eben net gesot huet a wat déi aner – Riichterin, Procureur, Defense – onbedéngt vun him wësse wollten a wourop hien ni eng Äntwert ginn huet. Et ass säin ominéise Saz, d'Enquête kéim bis op e bestëmmte Punkt a net weider an dann hat hien jo och zum heitege Procureur adjoint Robert Welter gesot, si, d'Police, wier 1986 hannert den Täter gewiescht an déi hätte gewosst, datt si se déi nächste Kéier geholl hätten.

Um Mëttwoch goufen déi Geriichts-Gespréicher, dat Verhéier en long et en large penibel Wuert fir Wuert virgelies - an d' Impressioun vun der Repetitioun, déi war schrecklech a kontraproduktiv – fir de Pierre Reuland. Fir de Gaston Vogel ass et sécher, datt hien vill weess a seng Zukunft an der Affär wier net glorreich. Dem Gaston Vogel seng Kollegin Lydie Lorang huet eng nach méi generell Klack gelaut. Et wier eng Katastrof fir d'Land, fir d'Institutiounen a fir hir Clienten.

Fir ween ze schützen? Dat ass d'Fro vun alle Froen a déi Fro steet mam Pierre Reuland sengem inexplicable Behuelen erëm ganz breet am Geriichtssall.

Bommeleeër: Weist Police-Rumeur op Brigade mobile?
De Me Vogel wëll, dass dem fréiere Generaldirekter vun der Police Pierre Reuland präzis Froe gestallt ginn iwwer eng eventuell Rumeur bei der Police.