De fréiere Police-Chef Pierre Reuland huet sech Wuert fir Wuert aus dem Plumitif vum Greffier seng Aussoen virliese gelooss.

Domat sinn 4 ganz Prozess-Deeg an d'Land gaang, ouni datt een an der Saach weiderkomm wier. No enger klenger Stonn war et aus an un an e kollektiven Uff huet de Schluss vun deem Calvaire begleet. Ëmmerhin, de Pierre Reuland huet héiflech Merci derfir gesot, datt hien alles nach eng Kéier héieren huet, wat hien a seng Kontrahenten ugangs Juli am Prozess esou gesot hunn.

Um Donneschdeg goung et ëm de Volet, wéi de Pierre Reuland probéiert huet, dat neit Gesetz iwwer d'Entrave à la justice a sengem Sënn ze veränneren, e Gesetz dat jo elo iwwert him hänkt. D'Defense-Affekotin Lydie Lorang ass frou, datt den Exercice Reuland erduerch ass. Et wier een elo am 1. Drëttel vun der Affär, et wieren nach 100 Zeien ze héieren. D'Plus-value fir de Pierre Reuland vun der Plumitif-Lecture ass net evident. Hie wëll sech all Dieren ophalen, d'Fro wier awer, ob en sech domatter ee reeëllen Déngscht geleescht huet.

Déi nächst Woch gëtt op alle Fall e bësse méi eng haart fir déi zwee Ugekloten. Hire fréiere Chef, de Pierre Reuland iwwerdeems, wëll sech an engem Extra-Raum ënner Opsiicht vun e Méinden un nach eng Kéier Wuert fir Wuert den Enregistrement unhéieren, vun deem wat hien dës Woch virgelies krut. En attendant, datt hien iergend wéini iwwer d'Observatioun Ben Geiben beim Attentat op d'Geriicht nees als Zeie gehéiert gëtt.

AUDIO: Geriicht Mord Haassel/Reportage Eric Ewald
Bommeleeër: Absurd Woch mam Pierre Reuland geet op en Enn
De fréiere Police-Chef Pierre Reuland huet sech Wuert fir Wuert aus dem Plumitif vum Greffier seng Aussoen virliese gelooss.