Déi militaristesch Pist war eng serieux Hypothese fir d'Attentater vun de Bommeleeër an den 80er Joer ze explizéieren, dat sot den Ex-Police-Direkter.

Op déi militaristesch Piste hätt hien schonn 1986 higewise gehat, mee där wier ni nogaange ginn. De Pierre Reuland sot weider, mat där Pist wier säi Saz ze verstoen, bei der Enquête wier op engem bestëmmte Punkt Schluss.

Héich gestallte Perséinlechkeeten am Ausland oder am Inland misste bei Planung an Ëmsetzung un den Attentater bedeelegt gewiescht sinn, dat wier evident. Mee weder de Grand-Duc nach hien, Pierre Reuland, wieren dat gewiescht.

De Pierre Reuland wollt no sengem fracassanten Optrëtt séier fortgoen. Seng nei Ausso huet den Avantage, hie selwer an déi zwee Ugekloten aus der Schosslinn ze huelen. Bleift elo ofzewaarden, wat d'Riichterin an de Procureur vun deene stënterleche militaristeschen Erkenntnisser halen.


Déi 70. Sëtzung vum Prozess

Um Ufank vun der 70. Sëtzung, e Méindeg, 7. Oktober huet d'Presidentin vum Geriicht de fréiere Police-Chef Pierre Reuland an e separate Raum geschéckt, fir dass hien d’Opzeechnunge vu senger Depositioun viru Geriicht oflauschtere kann. Doropshin huet d'Defense 3 Konklusioune virgeluecht.

D'Me Lorang sot, et wéilt een de BKA-Expert a Saache Fallanalys nach emol héieren, op Grond vum Saz zu den Ugekloten, et géif keng Usätz géint de Marc Scheer an de Jos Wilmes ginn; nawell wären déi zwee 3 Wochen drop festgeholl ginn.

De Me Vogel huet du festgehalen, dass déi däitsch Regierung keng kloer Aussoe gemaach hätt zum Stay behind, op Nofro hi vun die Linke. Den Affekot huet gefuerdert, dass de SREL-Chef Patrick Heck Informatioune sollt ginn zu 6 paramilitäreschen Operatiounen, zu deenen et am Grand-Duché komm wär.

Zu gudder Lescht huet de Me Vogel d'Nullitéit vun de Scheer-Verhéier gefrot. Säi Mandant hätt keng Responsabilitéit an dëser Saach, d'Enquêteuren hätte missen zu engem Resultat kommen an et hätt e Beschëllegte misse fonnt ginn; d'Ugeklote wären déi zwee Sënnebéck. Den Affekot vum Marc Scheer huet erkläert, säi Client hätt och bei den éischte Verhéier keen Affekot u senger Säit gehat an d'Polizisten hätten nëmmen à charge enquêtéiert.

De Me Vogel huet doriwwer eraus betount, dass keng Spure géint d'Ugeklote fonnt goufen, si Alibien hätten an ni en Deel vun der Rumeur gewiescht wären. D'Me Lorang huet sech deene Konklusioune fir hire Client ralliéiert. Deen hätt och keng Aussoe wéi de Marc Scheer gemaach, an et wär eng biaiséiert Enquête duerchgefouert ginn, déi just an eng Richtung goung.

Reaktioun Parquet

De Vertrieder vum Parquet huet zu där éischter Konklusioun gemengt, hie géif keng Utilitéit dofir gesinn, wär awer net dogéint, dass de BKA-Expert nach emol gehéiert gëtt. Wat déi zweet Konklusioun ugeet, wär et him net bewosst, ob déi Piècen net scho géife virleien, ma de SREL-Chef kéint bei senger Ausso viru Geriicht dozou Stellung huelen. A Saachen 3. Konklusioun sollt ee fir d'éischt d'Enquêteuren héieren, sou de Georges Oswald.

D'Riichterin Sylvie Conter huet doropshin eng Sëtzungspaus dekretéiert.

D'Presidentin vum Geriicht huet no där Paus erkläert, d'Riichteren hätten decidéiert, dass de BKA-Expär a puncto Fallanalys nach eng Kéier sollt gehéiert ginn. D'Ausso vum SREL-Chef Patrick Heck sollt ofgewaart ginn, an déi 3. Fro géif um Fong behandelt ginn.

Dono sinn d'Depositioune vun de Bommeleeër-Enquêteuren zu den Aussoe vun den Ugekloten ugaangen, mat, um Ufank, engem Film iwwert d'Brigade mobile.

D’Depositioun vum Enquêteur Carlo Klein huet iwwregens direkt mat enger klenger Bomm ugefaangen. Wéi hien en Historique doriwwer gemaach huet, wéini et zum Drock vun de Policeresponsablë Pierre Reuland a Patrice Solagna op si koum, sot den Enquêteur, dat wär geschitt, wéi een a Richtung Brigade mobile als Tätergrupp goung. Op d’Fro, ob de Pierre Reuland an de Patrice Solagna déi Responsabel kenne géifen, sot de Carlo Klein: „Ech hu keng aner Explicatioun dofir“. Dee Moment souz de Pierre Reuland, dee seng Depositioun iwwregens ënnerschreiwen a just Detailkorrekturen ubrénge wëll, am Sëtzungssall!


Déi weider Zeien, déi geruff sinn:

Lundi, le 7 octobre 2013 –  Joël Scheuer, Marc Weis, Guy Marx (déroulement auditions/vérifications de Marc Scheer et Jos Wilmes)

Mardi, le 8 octobre 2013 – Joël Scheuer, Marc Weis, Guy Marx (déroulement auditions/vérifications de Marc Scheer et Jos Wilmes)

Mercredi, le 9 octobre 2013 – Joël Scheuer, Marc Weis, Guy Marx (déroulement auditions/vérifications de Marc Scheer et Jos Wilmes)

Jeudi, le 10 octobre 2013 – Joël Scheuer, Marc Weis, Guy Marx (déroulement auditions/vérifications de Marc Scheer et Jos Wilmes)

Bommeleeër: Militaristesch Pist ass serieux, sou P.Reuland
Déi militaristesch Pist war eng serieux Hypothese fir d'Attentater vun de Bommeleeër an den 80er Joer ze explizéieren, dat sot den Ex-Police-Direkter.