Aussoe vum Marc Scheer hunn d'Enquêteuren iwwerrascht. Dat reegt d'Defense op. An de Parquet krut eng E-Mail iwwer e Scheer-Alibi bei engem Attentat.

De Me Vogel huet den Dënschdeg de Mëtten um Ufank vum 71. Dag am Bommeleeër-Prozess eng nei Konklusioun virgeluecht. Den Affekot vum Marc Scheer huet erkläert, dass Ufank Januar 1986 an der Police rieds war iwwer eng militäresch Pist am Zesummenhank mat den Attentater; um Enn vun deem Mount wär dat awer net méi de Fall gewiescht. De Colonel Harpes sollt dozou gehéiert ginn, sou de Me Vogel, deen och méi eng déifgräifend Enquête gefrot huet, well zanter 1986 näischt méi an deem Dossier geschitt wär; et wéilt ee wëssen, ween hannert den Attentater stoung.

De Procureur Georges Oswald huet gemengt, den Zeien Harpes sollt dozou befrot ginn; eng Enquête wär awer net néideg. De Substitut huet donieft drop higewisen, dass de Parquet en E-Mail krut vun engem Mann, deen eppes zum Alibi vum Marc Scheer fir den Owend vum Attentat op d’Haus vum Colonel Wagner ze soen hätt. D'Affekote vun der Defense hu gefuerdert, dass dee Mann dowéinst viru Geriicht sollt gehéiert ginn.

Enquêteuren erstaunt iwwer Scheer-Ausso

Dono ass de Joël Scheuer mat den Depositioune vun den Enquêteuren zu de Verhéier vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes virugefuer. Hie sot, all d'Membere vun der Brigade mobile wäre gehéiert ginn, wéi d'Enquête an déi Richtung goung. Déi zwee Ugekloten hätten op Grond vun hiren Aussoen a vun hirem Behuelen net als Bommeleeër kënnen ausgeschloss ginn.

Am November 2006 gouf de Marc Scheer gehéiert: Hien hätt dobäi vill Detailer gewosst an der besonnesch vill iwwert d’Attentat op d’Kasematten. De Beschëllegten hätt zu engem Eeërwecker gesot, deen dobäi benotzt gouf: "Dat war keng grouss Saach! Mir hunn en einfach opgedréint, dohi geluecht a si gaangen!" De Joël Scheuer huet deklaréiert, hien an e Kolleg Enquêteur wäre ganz erstaunt gewiescht iwwert déi Ausso.

Doropshi si sech d'Affekote vun der Defense, d'Presidentin vum Geriicht an den Enquêteur verbal an d'Hoer geroden. Nodeems d'Defense-Affekote gemengt hunn, si an hir Cliente séitzen hei "wéinst den Impressioune vun den Enquêteuren“, huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt: „Mir hätten och léiwer en Dossier mat DNA-Spuren an allem dran!“. De Joël Scheuer sot fir säin Deel: „Mir hätte léiwer, d'Verhéier wären alleguer opgeholl ginn!“ Dem Procureur Georges Oswald no hätt de Jos Wilmes deem awer net zougestëmmt.

Domm Remarquen: jo! Responsabilitéit: nee!

De Marc Scheer huet betount, hien hätt mat sengen Aussoen den Enquêteuren hëllefen "an erkläre wëllen, wéi d’Bommeleeër et kéinte gemaach hunn“. Den Ugekloten huet zwar zouginn, an de Verhéier domm Remarquë gemaach ze hunn; eng Responsabilitéit fir d'Doten huet hien awer zréckgewisen.

Wat d'Aussoe vum Marc Scheer zu den Attentater um Findel ugeet, hat den Enquêteur dem Ugekloten an engem Verhéier gesot, en Zeien hätt d'Täter do gesinn; hien hätt de Beschëllegte gefrot, ob deen eppes dovu wéisst. Deem seng Äntwert, d'Brigade mobile wär net do op Patrull gewiescht, wär iwwerraschend gewiescht, well hie guer net zu enger eventueller Präsenz do befrot gi wär, sou de Joël Scheuer.

Nodeems de Marc Scheer zur Beschreiwung vun den Täter erkläert hätt „De Wilmesse Jos an ech“ an „Dat kann de Jos an ech gewiescht sinn“, wär hie ganz nervös an ugespaant gewiescht, soudass kuerz drop mat der Auditioun opgehale gouf, huet den Enquêteur deklaréiert.

"Mir wëssen, dass mir et net waren!"

Dono hätt de Marc Scheer gesot, hien hätt dem Jos Wilmes ugeruff, fir dass dee sech fäerdeg maache kéint, a gefrot, ob se eng gemeinsam Zell kriten; "en huet doropshi keng Remarque gemaach, dat hätt en net sou gemengt", sot de Joël Scheuer. De Marc Scheer huet ofschléissend bemierkt: „Meng Remarquë waren deplacéiert, mä mir wëssen, dass mir et net waren!"

Bommeleeër-Prozess: "Domm Remarquen" am Fokus
Aussoe vum Marc Scheer hunn d'Enquêteuren iwwerrascht. Dat reegt d'Defense op. An de Parquet krut eng E-Mail iwwer e Scheer-Alibi bei engem Attentat.