Gëtt den Ugekloten hiren Humor hinnen zum Verhängnis? Am Verhéier solle si nervös gewiescht sinn a sech belaascht hunn. Me Vogel: Dat waren d'Hormonen!

Den Enquêteur Joël Scheuer ass de Mëtten um Ufank vum 72. Dag am Bommeleeër-Prozess weider op d'Verhéier vun den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes agaangen.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 9. Oktober vum Nico Graf.

Dee Jos Wilmes hätt en Zündmechanissem kannt, dee vun de Bommeleeër benotzt gouf.

Wéi hien dozou sollt gehéiert ginn, huet hie virun enger Auditioun sou gemaach, wéi wann een him Handschelle kéint undoen. "Ech wollt e Witz maachen", huet de Beschëllegte gemengt.

D'Riichterin Sylvie Conter huet deen Humor grad sou speziell fonnt wéi dee vum Marc Scheer a vum fréiere Policedirekter Pierre Reuland, deen d'Enquêteuren eng Kéier gefrot hat, ob hie géif festgeholl ginn!

Dem Joël Scheuer no konnt oder wollt sech de Jos Wilmes an engem weidere Verhéier net un Detailer a Saache Bommeleeër erënneren.

Wat déi Verhéier ugeet, sot de Beschëllegten, dat wär keng Zeienauditioun méi gewiescht an hien hätt gespiert, an eppes eragezunn ze ginn.

An deem Kontext huet d'Presidentin vum Geriicht dem Jos Wilmes d'Fro gestallt, ob hien de Marc Scheer net op Grond vun deem sengen Aussoe gefrot, ob et mam Geliichts géif goen.

De Jos Wilmes huet gemengt, si hätten eréischt spéit matenee geschwat, iwwerdeems de Marc Scheer erkläert huet, et géif him leed doen, de Jos Wilmes mat an d’Spill bruecht ze hunn.

Fir den Enquêteur war de Jos Wilmes an deem Verhéier erstaunt iwwert d'Aussoe vum Marc Scheer; hien hätt gefrot, ob mat Marc de Marc Scheer gemengt war. Dat wär eng anormal Reaktioun gewiescht, an de Jos Wilmes hätt du gesot, d'Gediechtnes vum Marc Scheer wär net méi dat Bescht. De Jos Wilmes hätt sech net kënnen drun erënneren, um Owend vun den Attentater um Findel do an der Géigend gesi ginn ze sinn.

De Jos Wilmes wär ëmmer méi nervös ginn: Hien hätt e ganz prägnant Behuelen un den Dag geluecht, net wäit vum Aveu ewech.

"Ech war rosen", huet de Jos Wilmes geäntwert.

De Joël Scheuer sot, hien hätt der vill gesinn, déi nervös waren, awer net sou; dat wär extrem gewiescht! Et wär kee Verhale méi vun engem normalen Zeie gewiescht, huet den Enquêteur betount, wouropshin de Me Vogel gemengt huet, dat wär eng Saach vun Hormonen.

Un de Jos Wilmes wär et an engem Verhéier d’Fro gewiescht, ob hien en Alibi fir den Owend vum Attentat zu Hollerech hätt; hien hätt dat awer net zesumme kritt, sou de Joël Scheuer.

De Marc Scheer hätt sengersäits bei engem weidere Verhéier deklaréiert, seng éischt Aussoen hätt hien einfach sou gemaach; hie wär sech de Konsequenzen net bewosst gewiescht an hätt nëmme wëllen e Witz maachen!

De Joël Scheuer huet géint Enn der Sëtzung Aussoen aus anere Verhéier vun den zwee Beschëllegte virgelies, fir ze weisen, dass sech d'Ugekloten dobäi weider belaascht hätten.

De Marc Scheer huet erkläert, keng Erklärung dofir ze hunn, firwat hie seng Aussoen net revidéiert huet. De Me Vogel huet an deem Kontext bedauert, dass keng psychiatresch oder psychologesch Expertise vu sengem Client gemaach gouf.

Bommeleeër-Prozess: Sech belaascht duerch Wëssen oder Witz?
Gëtt den Ugekloten hiren Humor hinnen zum Verhängnis? Am Verhéier solle si nervös gewiescht sinn a sech belaascht hunn. Me Vogel: Dat waren d'Hormonen!