Bommeleeër-Prozess: Enquêteur huet et net witzeg fonnt
"De Marc Scheer stoung op Grond vun den eegenen Aussoen ënner Drock": Dat sot de Joël Scheuer den Donneschdeg de Mëtten um 73. Dag vum Bommeleeër-Prozess.
Fir den Enquêteur Scheuer waren d'Verhéier net witzeg, dat och well hie selwer bei Verhéier "éischter net witzeg" wär. Ze notéiere wär, dass de Marc Scheer iwwer ee Mount keng Initiativ ergraff huet, fir seng Aussoe géintiwwer den Enquêteuren ze corrigéieren. Den Ugekloten hätt och gesot, net ze wëssen, wou de Jos Wilmes um Owend vum Attentat zu Hollerech war.
Deen Zeien, deen zwee Männer am Zesummenhank mat den Attentater um Findel gesinn hat, sot an engem Verhéier aus - wat nei war -, dass se noeneen iwwert d’Strooss gelaf wären. Dee méi groussen hätt och missen op dee méi klenge waarden. De Marc Scheer hätt datselwecht gesot, sou den Enquêteur, dee betount huet, dass den Ugeklote keng Erkenntnisser aus engem RTL-Interview mat deem Zeien zéie konnt.
Wat d'méiglech Motiver vun de Bommeleeër ugeet, hätten déi zwee Ugekloten erkläert, et kéint zu den Attentater komm sinn, well d'BMG net genuch Leit hätt; sollt de Ben Geiben, deen net méi dobäi war, dofir responsabel gewiescht sinn, wär et wuel aus der Iddi eraus geschitt sinn, fir de Grupp z'ënnerstëtzen.
Zu Observatiounen an Ecoutë wär et net komm, well déi hätte missen iwwert de Pierre Reuland an de Patrice Solagna lafen; dat wär bannent der Verwaltung och einfach ze spektakulär gewiescht.
Bei der Analys vun Telefonslëschte vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes wär net vill erauskomm.
Bei enger Perquisitioun beim Jos Wilmes doheem wär opgefall, dass a sengem CV näischt iwwert d'Jore vun den Attentater stoung. Dem Jos Wilmes no war dat allerdings keen CV!
An domat goung déi kuerz Sëtzung op en Enn!