Bommeleeër: Wichteg Decisioun bis Kleeserchersdag

An der Affaire decidéiert d'Verfassungsgeriicht bis de 6. Dezember, ob d'Flicht vun der Geheimhaltung zugonschte vum Recht op Defense opgehuewe gëtt.
Dat huet d'Verfassungsgeriicht um Freideg festgehalen.
Eréischt dann ass kloer, ob de Volet Stay Behind am Prozess thematiséiert gëtt oder net.
Am Bommeleeër-Prozess huet d'Defense jo d'Theorie, d'Attentater wiere vun geheimdéngschtlechen Organsatiounen aus dem In- an Ausland organiséiert ginn, a wëll dowéinst fréier Agenten a politesch Responsabler befroen an och all wesentlech Dokumenter gesinn. Am SREL-Gesetz steet awer, Sourcen dierfte net genannt ginn an Dokumenter vun auslänneschen Déngschter net gewise ginn.
E Freideg sinn um Verfassungsgeriicht nëmmen déi verschidde Positioune vun Defense, Parquet a staatlecher Partie civile virgelies ginn, plädéiert gouf net.
Et gëtt awer schonn eng siichtbar Linn, seet de Gaston Vogel: D'Riichterin Sylvie Conter hätt selwer schonn decidéiere kënnen, datt d' Rechter vun der Defense an dësem Fall méi wichteg wiere wéi d'SREL-Gesetz ...
Am Prinzip kënnt d'Uerteel vun der Cour constitutionelle an dësem Fall de 6. Dezember; vläit esouguer schonn éischter.
Programm vum Prozess fir déi aner Woch
Lundi, le 14 octobre 2013 – Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes) Mardi, le 15 octobre 2013 – Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes)
Mercredi, le 16 octobre 2013 – Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes)
Jeudi, le 17 octobre 2013 – pas d’audience