Den Affekot vum Marc Scheer ass aus der Sëtzung gaangen a wëll déi ganz Woch net méi kommen. Och déi 2 Ugeklot Scheer a Wilmes hunn de Sall verlooss.

De Me Vogel huet um Ufank vun der Sëtzung e Méindeg de Mëtteg am Bommeleeër-Prozess op en Neits eng Konklusioun virgeluecht. Op Grond vun den Aussoe vun engem Ënneroffiziéier vun der Arméi géintiwwer dem Radio 100,7, Aussoen, iwwert déi RTL Iech och scho geschwat hat, huet den Affekot vum Marc Scheer gefuerdert, dass dee Mann sollt gehéiert ginn.

Zu den nächsten 3 Sëtzunge vum Prozess iwwert d'Alibie vun den zwee Ugekloten huet de Me Vogel festgehalen, dass de Parquet d'Charge de la preuve huet; doropshin ass den Affekot senger Wee gaangen.

AUDIO: Bommeleeër: Me Vogel klaakt d'Dier

Iwwerdeems de Procureur Georges Oswald gemengt huet, dee Volet géif awer zum Dossier gehéieren, huet d'Me Lorang vun enger "Hérésie juridique" geschwat; si sot awer, bleiwen ze wëllen.

D'Riichterin Sylvie Conter huet hirersäits bemierkt, dass een net bräicht driwwer ze diskutéieren, dass de Parquet déi Charge de la preuve hätt!

Nom Me Vogel, deen déi ganz Woch net méi wëll erëmkommen, hunn dunn och déi zwee Beschëllegt Marc Scheer a Jos Wilmes de Sall verlooss.

Zu den Alibien ...

Den Enquêteur Carlo Klein huet no deem Intermezzo mat sengen Ausféierungen zu den Alibie vun den zwee Ugekloten ugefaangen. Wat d'Attentater zu Beideler (Beidweiler) ugeet, hätten de Marc Scheer an de Jos Wilmes beim éischte Congé gehat a fir deen zweete keen Alibi kënne virleeën.

Den Owend vum Attentat um Stafelter haten déi zwee Permanence.

Um Dag vum Attentat um Schléiwenhaff haten déi zwee Beschëllegt weder Congé, nach hu si geschafft.

Op den Deeg vun den Attentater op d'Gendarmerie an zu Izeg haten d'Ugeklote Permanence.

Wat de Knuppert um Verluerekascht betrëfft, huet de Jos Wilmes no bäi gewunnt; sengen Aussoen no hätt hie sech, wéi et geknuppt huet, grad d’Zänn gewäsch, ier hien op Patrull mam Marc Scheer gaange wär.

Fir d'Attentat Izeg gëtt als Alibi e Persouneschutz ugi fir den Haff an engem Stater Kino, deen et haut net méi gëtt; d'aktuell Grande-Duchesse war do deen Owend de Film „Amadeus“ kucken.

Nawell waren déi zwee nuets an der Géigend vum Tatort!

Programm vum Prozess fir dës Woch - esou d'Justiz

Lundi, le 14 octobre 2013 –  Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes) 

Mardi, le 15 octobre 2013 – Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes) 

Mercredi, le 16 octobre 2013 – Carlo Klein (alibi de Marc Scheer et de Jos Wilmes) 

Jeudi, le 17 octobre 2013 – pas d’audience

Bommeleeër-Prozess: Me Vogel klaakt d'Dier!
Den Affekot vum Marc Scheer ass aus der Sëtzung gaangen a wëll déi ganz Woch net méi kommen. Och déi 2 Ugeklot Scheer a Wilmes hunn de Sall verlooss.