An Ofwiesenheet vum Me Vogel, awer a Präsenz vun den zwee Ugekloten huet en Dënschdeg um Geriicht an der Stad de 75. Sëtzungsdag am Prozess ugefaangen.

De 75. Dag am Bommeleeër-Prozess stoung nach emol am Zeeche vun den Enquêteuren hiren Ausféierungen zu den Alibie vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes fir d’Zäite vun den Attentater. Dobäi sinn ënnert dem Stréch weder Erkenntnisser op d’Tapéit komm, déi déi zwee Ugekloten entlaaschten, nach därer, déi si belaaschten. Opgefall ass, dass direkt e puermol den Numm Jos Steil gefall ass ...

Den Enquêteur Carlo Klein ass also weider gefuer mat sengen Ausféierungen zu den Alibie vum Marc Scheer Scheer a vum Jos Wilmes.

Wat d'Attentater op d'Lëtzebuerger Wort an déi um Glacis ugeet, huet den Enquêteur gemengt, d'Attentat op d'Wort hätt kënne vun engem Bommeleeër eleng duerchgefouert ginn.

RTL

De Marc Scheer war déi zwee Owenter op Patrull, ouni dass awer gewosst ass, mat weem hien ënnerwee war; dobäi sot den Ugekloten a Verhéier, e wär een ni eleng gefuer.

De Jos Wilmes war zur Zäit vum Attentat op d'Wort an der Vakanz, fir déi 2. an 3. Explosiounen awer erëm do.

Zur Zäit vun den Attentater op d'Olympesch Schwemm an op de Geriichtspalais war de Marc Scheer am Congé. De Jos Wilmes fir säin Deel hat Permanence, wéi et zum Knuppert beim Palais de Justice koum, hie wär kuerz no der Explosioun op der Plaz an och bei der Reconstructioun vum Attentat dobäi gewiescht.

A puncto Attentater um Findel ass festzehalen, dass d'Brigade mobile de Fluchhafe gutt an de Marc Scheer de Findel vum US-Arméikierfech hier kannt huet.

Fir de Rescht wär de Joël Scheuer d’lescht Woch op d'Alibie vun deenen zwee agaangen, sou de Carlo Klein.

Wat d'Attentat zu Heeschdref betrëfft, waren déi zwee Beschëllegt deen Dag fir de Persouneschutz vum Haff agedeelt, deen dunn op der Juegd war.

Bommeleeër-Prozess: Ouni Vogel, awer mat Lorang an Ugekloten
An Ofwiesenheet vum Me Vogel, awer a Präsenz vun den zwee Ugekloten huet en Dënschdeg um Geriicht an der Stad de 75. Sëtzungsdag am Prozess ugefaangen.