Bommeleeër: Ex-Untersuchungsriichter Marc Jaeger gehéiert

© A. Lamesch
Nom Resumé vum Carlo Klein iwwert d'Attentat, den 19. Oktober 1985, op de Palais de Justice gouf den Ex-Untersuchungsriichter Marc Jaeger gehéiert.
Den Zeie sot virop, hie kéint sech schlecht un d'deemoleg Faiten erënneren, wéisst awer nach, virdrun eng Commission rogatoire internationale an der Belsch ugefrot ze hunn, ouni eppes iwwert de Contenu dovun ze wëssen. Et wär nom Knuppert net gesot ginn, dass d'Büroe vun den Untersuchungsriichteren am spezielle vun deem Attentat viséiert waren, an hie wär och séier aus der Affär eraus gewiescht, sou den Zeien. Hie wär natierlech erféiert gewiescht op Grond vun der Explosioun, mä hätt dowéinst net op eventuell Feinde geschloss, huet den Ex-Untersuchungsriichter gemengt.
D'Enquêteurs-Aarbecht war an den 80er Joer generell GewurschtelsDat sot e Méindeg am Bommeleeër-Prozess de fréieren Ermëttler Paul Haan. Deen an der avortéierter Operatioun op de verdächtege Ben Geiben eng onfräiwëlleg lächerlech Roll hat, well hien näischt gewuer ginn ass. Vu sengen Offizéier, déi d' Gendarmerie wéi eng Arméi dirigéiert hunn.
De fréieren Enquêteur Paul Haan huet seng speziell Manéier fir ze erzielen: et geet nämlech senger Iddi no, a net deeër vum Geriicht. Hie spréngt e bëssen hin an hir, vermëscht Wëssen a knaddereg Commentairen a laacht dacks op seng sarkastesch Manéier. Erauskoum an der Saach wéineg relevantes mä stëmmungsméisseg awer nawell vill, zum Beispill, datt einfach gefollegt ginn ass an der Gendarmerie wann e Chef, ob deen elo Harpes oder Schockweiler geheescht huet, wann deen eppes ordonnéiert hat, zum Beispill bei déi belsch Gendarmerie op Bréissel fueren, wou sollt eng Observatioun op de verdächtege Ben Geiben organiséiert ginn, vun deeër de Paul Haan sot, se wier onméiglech gewiescht mat de Moyenen vun der belscher Gendarmerie an och vun der Manpower hir, well déi ware mat den tueurs du Brabant beschäftegt. An zu Bréissel ass et och net gaang wéi et sollt: „Ech hunn zu Bréissel Kiischtebéier gedronk, dat hunn ech do geschafftt", sot de Paul Haan, dee sech mam Colonel Harpes iwwerhaapt net verstan huet. An dat aus guddem Gronn: well de Colonel Harpes wollt eng intern enquête policière op de Ben Geiben man, ouni Parquet an Untersuchungsriichter ze informéieren.
D'Defense-Affekotin Lydie Lorang war vun zwee Fakte frappéiert:
Lydie Lorang: Dat éischt dat ass d'Deklaratioun vum Här Harpes, dass een der Justiz net alles misst soen...dat vum Chef vun der Gendarmerie vun deemools ass schonn e groussen Hummer. An den Här Haan huet nach eppes gesot, wat ech mengen dass och ënnerwee an de Vergiess komm ass, dass ee muss enquêtéieren à charge et à décharge. An en huet genau souvill poids geluecht op décharge, wéi op d'charge. An ech wär frou gewiescht, wann dat eng vun de Prinzipie gewiescht wier, déi hei d'Enquêteure guidéiert hätten.
Datt an der Gendarmerie deemools einfach gefollegt ginn ass, dat war ënner dem militäresche Kapp vum Chef Aloyse Harpes ganz normal.
Lydie Lorang: Ma ech mengen do war et, wéi den Här Haan och elo gesot huet, Här ass Här a Max ass Max. D'Offizéier hunn decidéiert, a si hunn exekutéiert, an héchstwahrscheinlech d'Fauscht an der Täsch gemaach vu Roserei, wa se op Hirnrissegkeete gestouss sinn.
Nico Graf: A si sinn och domm gehale ginn...onwëssend...
Lydie Lorang: Ech weess net op dat substantiell geännert huet an der Zäit.
De Paul Haan gëtt um Dënschdeg am Nomëtte weider gehéiert. Seng speziell Manéier fir ze erzielen, déi bréngt et mat sech, datt Riichterin a Parquet an Défense sech sengem Rhythmus upasse mussen.
Eng spannend Woch am Prozess
Mat den zwee ugeklote fréiere Gendarmen, déi um Méindeg nees eng Kéier net am Mëttelpunkt stinn – duerfir awer en etlech vun hire fréiere Cheffen. Dat alles am Kontext vum Attentat op d'Geriicht de 19. Oktober 1985, en Attentat, dat markéiert ass duerch Observatiounen op de fréiere brigade-mobile-Chef Ben Geiben.
Owes 5 op 11 kraacht et baussen op der hënneschter Säit vum Geriicht. De Schued ass grouss, dobaussen an dobannen, de Portier vum Geriicht, seng Fra a säi Kand ginn enorm erféiert, mä e geschitt hinnen - duerch Zoufall – näischt.
Um Gendarmeries-Plang awer ass enorm vill geschitt oder opfälleg net geschitt, wéi een et hëlt.
Et fänkt dermat un, datt eng Woch virum Attentat eng commission rogatoire internationale op Bréissel ënnerwee ass, wou de Ben Geiben déizäit wunnt. D'Enquêteuren Haan a Büchler fueren mat hirem Chef Armand Schockweiler op Bréissel, fir eng Observatioun Geiben virzebereeden. Zu Bréissel ginn d' Enquêteuren ze soen vun der Saach ofgezunn, den Armand Schockweiler ënnerhält sech mat de Belsch – an et geschitt näischt. An dat op der deemools beschter Spur – Ben Geiben – déi d'Enquêteuren gemengt haten ze hunn.
An dunn de Weekend vum Attentat selwer.
Iergendwéi war ee wuel op en Attentat gefaasst. Wéi et geheescht huet, de Ben Geiben sollt op Lëtzebuerg erofkommen ass eng Observatioun organiséiert ginn. Do sollte Leit vum Geheimdéngscht partizipéieren. D'Suite ass bekannt: de Ben Geiben sollt kommen, dunn huet den zweete Mann aus der brigade mobile Jos Steil gesot, de Geiben kënnt net, deen ass awer komm, d' Bomm ass explodéiert, d' Observatioun op de Ben Geiben ass erëm opgeholl ginn nuets, dee kënnt schwéierem Gepäck aus engem Hotel eraus, fiert an Villa Chomé, wou de Jos Steil wunnt, kennt och do mat Saachen eraus, fiert an de Reckendall op de Schéissstand, diskutéiert do mam Steil a fiert op Bréissel, de SREL bis op Bastogne ëmmer hannendrun – a keen Gendarme, keen Enquêteur kontrolléiert de Ben Geiben an iwwerpréift säin Alibi. Am Géigendeel: kuerz drop heescht et, d' Spur Ben Geiben wier dout. Bis haut weess keen firwat.
Wien sech hei explizéiere muss, dat sinn déi fréier Gendarmen Reuland, Stebens, Schockweiler an hire fréiere Chef Aloyse Harpes – deen als eenzegen eppes un der Observatioun Ben Geiben wosst – déi aner leiden ënner Amnesie. Wéi och de SREL eréischt deen Ament en entspriechend Dokument vum Agent Kaudé erausginn huet, wéi alles scho gewosst war.
Am Resumé kann ee no allem, wat haut bekannt ass soen, datt de verstuerwene Jos Steil als extrem verdächteg ageschat gëtt, datt an der brigade mobile hätt missen enquêtéiert ginn an datt een ganz gespaant däerf sinn, wat d'Enquêteuren vun deemools am Prozess soen – mat allen Ënnertéin, notamment deene vum knouterege Paul Haan.
Et gëtt eng ganz spannend Woch am Prozess.
Provisoresche Programm am Iwwerbléck
Lundi, le 21 octobre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Carlo Klein, Marc Jaeger, Paul Haan, Guillaume Buchler, Lucien Linden
Mardi, le 22 octobre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Carlo Klein, Marc Jaeger, Paul Haan, Guillaume Buchler, Lucien Linden
Mercredi, le 23 octobre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Armand Kaudé, Marcel Even, Johny Peschong, Alain Thill, Georges Zenners
Jeudi, le 24 octobre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Armand Kaudé, Marcel Even, Johny Peschong, Alain Thill, Georges Zenners