Bommeleeër: "D'Offizéier wollten d'Enquête selwer maachen"

Dat sot de fréiere Bommeleeër-Enquêteur Paul Haan um Dënschdeg de Mëtteg am Stater Geriicht.
Um Ufank vun der 77. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess wollt de Me Vogel notéiert hunn, dass de Paul Haan am Oktober 1985 Chefenquêteur fir déi Affär genannt gouf, dat awer bis 2012 net wosst.
De fréiere Bommeleeër-Enquêteur huet erkläert, de Fakt, dass hie Chefenquêteur wär, wär an enger vum Colonel Harpes ënnerschriwwener Note aux officiers festgehalen.
Op d'Remarque vun der Presidentin vum Geriicht, de Colonel Harpes hätt sengerzäit deklaréiert, dass een näischt anescht méi wéi Bommeleeër maache géif, huet de Paul Haan geäntwert: "D'Offizéier wollten d'Enquête selwer maachen!"
Den deemolege Bommeleeër-Enquêteur sot dono, hien hätt sech nom Attentat op de Geriichtspalais aus der Enquête erausgehalen.
Hutt Dir dat vläicht aus enger Roserei eraus géintiwwer den Offizéier gemaach, huet d'Sylvie Conter gefrot. Doropshin huet de Paul Haan gemengt: "Ech hunn dem Colonel Harpes net getraut!" Donieft hätt a sengen Aen de Jos Steil, als beschte Frënd vum Ben Geiben, missen aus der Observatioun op de fréiere Chef vun der Brigade mobile erausgehale ginn.
Fir déi Observatioun ze vermasselen, huet ee sech do net grad sou missen ustellen, war eng weider Fro vun der Presidentin vum Geriicht. Dem Enquêteur aus den 80er-Joren no war dat ganz onprofessionell.
De Paul Haan huet weider aus enger Note vum Colonel Bourg vun der Police un de Minister Marc Fischbach zitéiert, an där sech den Offizéier iwwert den Enquêteur beschwéiert huet. Den Zeien huet an deem Kontext vu "Mëscht a Verleumdungen" geschwat a betount, hie wär ni Chefenquêteur gewiescht.
Hutt Der dann e Verdacht, ween d'Bommeleeër sinn, war eng nächst Fro vum Sylvie Conter. De fréieren Enquêteur huet gemengt, dat géif méi laang ginn, ouni eng konkret Äntwert ze ginn. De Procureur Georges Oswald huet allerdings drun erënnert, dass den Zeie fréi vun Insider als Auteure vun den Attentater ausgaange wär. An deem Kontext hätt hie mat Zäiten d'Ausso gemaach; „Et war ee vun eis!“
Um Enn vu senger Dépositioun gouf de Paul Haan nach mat der Fro konfrontéiert, ob hie menge géif, dass de Ben Geiben ee vun de Bommeleeër gewiescht wär. Dat ass schwéier ze gleewen, huet et aus dem Zeie sengem Mond geheescht, deen doriwwer eraus nach fonnt huet, dass d'Observatioun vum Ben Geiben um Dag vum Attentat op de Palais de Justice e Witz war.
Als zweeten Zeie gouf de Guillaume Büchler gehéiert, dee Mëtt der 80er Polizist war. Hie war fir eng Commission rogatoire internationale a Saache Ben Geiben mat op Bréissel, als Chauffeur. Hien huet ausgesot, domat déi meescht Aarbecht gehat ze hunn, a sech gutt drun z'erënneren, well hie sech vu senger Hierarchie, Zitat, "veraarscht gefillt hätt". De Mann huet och festgehalen, dass een an der belscher Haaptstad net bei en Untersuchungsriichter goung.
De Procureur Georges Oswald wollt wëssen, ob den Zeien d'Offizéier heiheem dann net zur Ried gestallt huet, fir ze froen, wat dat zu Bréissel sollt. An deem Kontext hätt de Colonel Harpes geäntwert: „Dir maacht dat, wat een Iech ustellt!“. Op d'Fro vum Sylvie Conter, ob de Jos Steil an den Ae vum Zeien e Verdächtege war, sot de Guillaume Büchler, dat kéint ee mol denken.
Géint Enn der Sëtzung war et nach um Tour vum Lucien Linden, deen och Mëtt der 80er Polizist a mat op Bréissel war. Et gëtt näischt Interessantes dozou z’erzielen, huet de Mann betount, deen nëmme gewosst hätt, dass et ëm de Ben Geiben géif goen; soss wär ee fir näischt mat gewiescht. Den Zeien huet de Colonel Harpes nach mat de Wierder zitéiert, et sollte Mauere gebaut ginn, fir dass kee sollt eppes gewuer ginn!