Um Mëttwoch seet en Ex-SREL-Mataarbechter aus, deen d'Gefill hat, bei enger Observatioun vum Ben Geiben ugeschmiert ginn ze sinn.

Am Bommeleeër-Prozess huet um Mëttwoch, um 78. Sëtzungsdag, d'Auditioun vum Armand Kaudé ugefaangen, dee Mëtt der 80er beim SREL geschafft huet.

Den Zeie sot, hie wär um Dag virum Attentat op de Geriichtspalais driwwer informéiert ginn, dass de Ben Geiben sollt op Lëtzebuerg kommen. An deem Zesummenhank wär et zu engem Gendarmerie-Briefing mat ë.a. dem Pierre Reuland an dem Jos Steil komm. Den Armand Kaudé hätt dobäi den Optrag kritt, de Ben Geiben ze bewaachen; allerdings wär um Dag selwer de Jos Steil um 17 Auer bei hie komm, fir ze soen, de Ben Geiben kéim net. Och soss hätt hien nach falsch Informatioune vum Jos Steil kritt.

De Pierre Reuland hätt hien dunn an der Nuecht gefrot, ob hien nach eng Kéier eraus kéint; de Ben Geiben wär nämlech wuel an engem Hotel um Kierchbierg. Do wär hien driwwer informéiert ginn, dass et Stonne virdrun zum Attentat op de Palais de Justice koum. Hie kéint net verstoen, dass de Ben Geiben net gepëtzt gouf; konkret wär just, dass de Geiben am Land war.

RTL

De Procureur Georges Oswald huet an deem Kontext och d'Fro gestallt, firwat et net zum Zougrëff op de Ben Geiben koum.

"Wann eppes a Saache Bommeleeër gelaf wär, wär ech et gewuer ginn", huet den Armand Kaudé gemengt.

Kaudé: Reuland seet d'Wourecht net

De Me Vogel huet him dorop d'Fro gestallt: "Wat haalt Der vum Pierre Reuland, dee seet, hien hätt ni mat Iech geschwat?"

D'Äntwert war: "Ech soen net, de Pierre Reuland wär e Ligener; ech soe just, dass en d’Wourecht net seet!" Fir den Zeie war de Pierre Reuland beim Briefing dobäi an hätt hien och nuets ugeruff.

D'Fro, wéi de Pierre Reuland un d'Zëmmernummer vum Ben Geiben koum, huet den Zeie mat "Dat weess ech net" beäntwert. Hie selwer hätt säin Ausgesi verännert, fir net vum Ben Geiben erkannt ze ginn, deen hie kannt huet. Weider waren et d'Aussoen: "De Ben Geiben war net eis Affär!" an "Am Kale Krich hu mir aner Saache gemaach". Wat de Me Vogel zum Constat beweegt huet: "D'Attentater hunn Iech awer net interesséiert!" D'Presidentin vum Geriicht huet an deem Kontext gefrot: "Hätt dat de SREL dann net missen interesséieren?" D'Äntwert vum Armand Kaudé war: "Mir hate keng Informatiounen! Sou gutt ware mir net! A mir waren ënnerbesat!"

Steil no Rapport versat - Zesummenhank?

Säi Rapport zu der Observatioun Geiben hätt hien zwee Deeg nom Attentat op de Geriichtspalais gemaach; hien hätt sech deen Dag och gewonnert iwwert d'Ausso vum Jos Steil, de Ben Geiben kéim net méi a Fro, hätt dat awer sou higeholl. Wouropshin d'Me Lorang d'Fro gestallt huet, firwat hien dowéinst net beim Pierre Reuland nogefrot hätt. "Fir eis war d'Affär gelaf! Ech hat d'Gefill, ugeschmiert ginn ze sinn, mä mir kënnen de Jos Steil net méi froen." Dee Jos Steil hätt iwwregens net fir de SREL geschafft.

"Firwat hutt Dir dem Pierre Reuland dat net matgedeelt?", frot d'Me Lorang dunn. "De Jos Steil gouf dono jo versat; ech weess awer net, ob dat op Grond vu mengem Rapport geschitt ass." Dobäi wär de Geheimdéngscht no un der Opklärung dru gewiescht, huet de Me Vogel ze bedenke ginn. Hie war rosen, well hien d'Observatioun Geiben ofgebrach hätt an dunn hätt et geknuppt. Den Zeie weess och net, wouhier de Pierre Reuland Detailer hat iwwert d'Observatioun an d'Presenz vum Ben Geiben zu Lëtzebuerg.

SREL net u Bommeleeër interesséiert?

"Deen, deen dee Rapport freet, misst dach drun interesséiert sinn, wat dobäi eraus koum", huet d'Sylvie Conter dono festgehalen. Fir den Armand Kaudé wäert dat wuel geschitt sinn.

Op d'Fro vum Me Vogel, ob et am SREL keng Reunioun zu de Bommeleeër gouf, huet den Zeien erkläert, hie kéint dat net soen; et wär awer ni méi vun där Observatioun geschwat ginn.

"Huet dann och de SREL-Chef Charles Hoffmann net nogefrot?", wollt d'Presidentin vum Geriicht wëssen. D'Äntwert war: "Et huet e vläicht net vill interesséiert!" Dem Zeien no misst och de Colonel Harpes an net de Pierre Reuland d'Observatioun vum Ben Geiben ordonnéiert hunn.

De Procureur Georges Oswald wollt nach Präzisiounen hunn zu den Attentater um Findel. "War de SREL bei deen Zeien heem, deen de Prënz gesinn hat, fir hien z’intimidéieren?" An den Ae vum Armand Kaudé huet "kee vun eis" sou eppes gemaach.

Insider jo, Nimm nee - ma keng 10 Leit am Land ...

D'Sylvie Conter huet nach gefrot, ob dann am SREL ni iwwer méiglech Bommeleeër geschwat gouf. Den Zeien huet betount, de Ben Geiben wär eng Spur gewiescht, Scheer a Wilmes dogéint net, et wär driwwer geschwat ginn, dass et Insidere waren, mä Nimm wären ni gefall an et hätten och keng 10 Leit am Land dat maache kënnen.

Um Enn vun der Sëtzung gouf nach den Zeie Johny Peschong gehéiert, dee Mëtt der 80er Jore vun Zäit zu Zäit fir de SREL geschafft huet. Hie wär vum Armand Kaudé fir d'Observatioun Geiben geruff ginn, hätt eng Foto vum Ben Geiben gewise kritt - wahrscheinlech vum Pierre Reuland -, wär awer ni bei engem Briefing dobäi gewiescht. Et wär och net vill diskutéiert ginn!

Bommeleeër-Prozess: Steil a Reuland a Geiben am Fokus
Um Mëttwoch seet en Ex-SREL-Mataarbechter aus, deen d'Gefill hat, bei enger Observatioun vum Ben Geiben ugeschmiert ginn ze sinn.