Bommeleeër-Prozess: "Da briecht of!"

Observatioun Ben Geiben: Firwat gouf si ofgebrach? A wie wousst a wollt wat?
Um Donneschdeg geet et, 't schéngs, do weider, wou um Mëttwoch opgehale gouf: mat Aussoen iwwert dubiéist Verhale vun e puer Polizisten ...
Um Ufank vum 79. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess de Georges Zenners gehéiert, dee Mëtt der 80er Joer Polizist a Member vum GOR, dem Groupe d’observation et de recherche, war. Deem seng Missioun war d'Iwwerwaachung vu potenziell Verdächtegen; si sollte bei der Observatioun vum Ben Geiben agesat ginn. Den Zeie sot, net sécher ze sinn, ob de Pierre Reuland bei engem Briefing am Virfeld vun där Iwwerwaachung dobäi war.
De Mann huet awer confirméiert, dass de Jos Steil dem Armand Kaudé sot, de Ben Geiben géif net kommen. Doropshin hätt hien de Pierre Reuland doriwwer informéiert; deem seng Äntwert war: "Da briecht of!" Dobäi war, wéi d'Presidentin vum Geriicht betount huet, de Guy Stebens de Chef vum GOR an de Pierre Reuland dee vun der Brigade mobile.
An den Ae vum Georges Zenners wosst de Pierre Reuland also, ëm wat et géif goe bei där Observatioun. Hien hätt nuets en Telefon kritt, am Geriichtspalais wär eng Bomm explodéiert, awer näischt méi héiere bis méindes moies.
Hien hätt du gefrot, ob de Ben Geiben dann elo am Land war oder net; doropshin hätt hie vum Enquêteur Jean Disewiscourt gesot kritt: „Dat héiert geschwënn op!“.
Dem Zeien no gouf méindes op alle Fall am GOR iwwert den zweete Volet vun der Iwwerwaachung vum Ben Geiben um Sonnde geschwat ginn.
Zeenario onfräiwëlleg geliwwert?
"Dir sidd deen éischten Zeien, deen dovu schwätzt, dass am GOR iwwert déi Observatioun diskutéiert gouf", huet d'Sylvie Conter festgehalen. Et wär awer weider net iwwert de Ben Geiben Rieds gaangen, d'Enquête wär kuerz drop eriwwer gewiescht, ma hie wär d'Grënn dofir ni gewuer ginn. Den Zeien hat d'Impressioun, vun der Enquête ewech gehale ginn ze sinn. Et gouf och d'Rumeur, et wéilt ee keng zweet Jorhonnertaffär méi, well dat erëm eng Hetzjuegd op en Offizéier duerstelle géif; et hätt ee sech och selwer d’Fro gestallt, wee kéint den Auteur vun den Attentater sinn.
Am Virfeld da vum EU-Sommet am Dezember 1985 wär an de Forces de l'ordre gesot ginn, de Bommeleeër kéim sécher dohin, fir eng Bomm aus dem Auto ze geheien. "Et ass also genee dat geschitt, wat Dir wollt evitéieren", sot de Procureur Georges Oswald, ier d'Presidentin vum Geriicht complétéiert huet: "Dir hat quasi den Zeenario dofir geliwwert." Et hätt ee wëllen d'Op- an Offahrte vun der Autobunn zousetzen, ma de Pierre Reuland hätt decidéiert, éischter Protections rapprochées ze maachen. "Ech hunn du misse bis 20 zielen, well 10 goung net duer", sou den Zeien.
Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, ween dem GOR wichteg Informatioune virenthalen hätt, sot de Georges Zenners aus: "Vum Guy Stebens u bis uewen hin". Hien hätt sech och Kopië gemaach, well hie geduecht hätt, et géife Saache wéi Rapporen um Niveau vum Groupe d’enquête verschwannen.
Eng Rumeur iwwert d'Ugeklote Scheer a Wilmes als Auteur vun den Attentater hätt et och ni ginn, am Géigesaz zum Verdächtege Ben Geiben; dee wär schonn am Wanter/Fréijoer 1985 als Bommeleeër am Gespréich gewiescht.
Jos Steil: Fuite a Bommeleeër?
De Georges Zenners huet nach bemierkt, dass zimlech de ganze GOR dem Jos Steil net getraut huet. Dem Zeie sengen Aussoen no haten z.B. Kontrollen am Stater Nuetsliewen ni e Succès; hien huet de Jos Steil als méiglech Fuite ugesinn. Donieft hätt de Jos Steil Poliziste beschass; "dofir hunn ech mech vun him distanzéiert", huet den Zeien erkläert.
Wat d'Attentat beim Héichhaus ugeet, hätt de Jos Steil wuel matkritt, dass de GOR Protections rapprochées huet misse maachen; hien hätt awer kee konkrete Beweis dofir, an de Jos Steil kéint dat och vum Pierre Reuland gewosst hunn!
"Dat war also pur Provokatioun vun de Bommeleeër, fir d'Attentat beim Héichhaus genee sou duerchzeféieren, wéi dat vum GOR besprach gouf", huet de Procureur Georges Oswald festgehalen. D'Sylvie Conter huet gefrot, ob dann ni doriwwer geschwat gouf.
Wéi den Zeien deklaréiert hätt, elo hätt ee sech awer bis op d’Schanke blaméiert, hätt de Jean Disewiscourt just eng Kéier d’Schëllere gehuewen. Iwwert deen Zeenario vun engem Attentat op d'Héichhaus wär mam Pierre Reuland geschwat ginn, sou nach de Georges Zenners.