Bommeleeër-Prozess krut eng nei, däitlech Direktioun

Et ass evident ginn, datt de Jos Steil en Ugeklote wier, wann hien net verstuerwen wier an datt d'Gendarmerie d'Affär net opkläre mä vertusche wollt.
Absenz den Zeien Georges Zenners huet gëscht am Geriicht iwwerrascht.
D'Riichterin huet den Zeie fir seng gutt Memoire gelueft a wollt hien iwwerhaapt net goe loossen an huet him Fro op Fro gestallt. An de Substitut Robert Welter, dee sot herno (Zitat) "elo si mer endlech am Dossier ukomm". An dat nom 79. Dag am Prozess.
A nach eppes muss een nodroen: och de sympatheschen Zeie Georges Zenners mat der gudder Memoire ass endlech am Dossier ukomm, 29 Joer no der éischter Explosioun.
An dobäi war hie scho ganz fréi op der gudder Spuer, am Oktober 1985, wéi hien am GOR, am groupe d'observation et de recherche, huet misse schaffen, e Polizist an der Gendarmerie, e ganze Programm vu Roserei vun Ufank un. Mä derbäi koum, datt de Georges Zenners dem fréieren zweete Mann aus der brigade mobile, dem Jos Steil, net getraut huet. Firwat hien deem net getraut huet war och deem Zeien en Donneschdeg net eraus ze fléiwen. Hien ass vague bliwwen, huet eppes ugedeit vum Nuetsliewen an der Stad, huet sech an de Mond leeë gelooss, de Jos Steil wier e Spëtzel, en Indic vum Milieu gewiescht. An huet gesot, de Jos Steil hätt him, dem Polizist Zenners, Frechheete gemat um Hannergrond vun der Joerhonnertaffär. Mä méi wollt hien net soen iwwert de Steil. Iwwer déi Verstuerwen net ze vill Schlechtes, war do d' Devise.
De Georges Zenners hat do awer scho vill gesot iwwert de Jos Steil, notamment, datt hien, Zenners, de brigade-mobile-Cheffen Reuland a Steil ze soen de Szenario vum Kierchbierger Attentat souffléiert hat. De Bommeleeër giff um Kierchbierg e klenge Poufert lassloossen an duerfir sollt een den Ufank an d' Enn vun der Autobunn genee observéieren. De Pierre Reuland hätt déi Observatioun refuséiert – an dat butzegt Attentat um Kierchbierg ass genee esou geschitt wéi den Georges Zenners et virausgesot hat.
De Georges Zenners war en Donneschdeg am Fong geruff ginn, fir iwwer déi sabotéiert Observatioun op de Ben Geiben ze schwätzen. Och do hat hien Erstaunleches ze soen: nämlech datt am GOR – also an der Police an an der Gendarmerie – offen iwwer déi Observatioun geschwat ginn ass, eng Observatioun iwwer déi d'Enquêteuren eréischt 21 Joer dono eppes gewuer gi sinn. Wier dat éischter geschitt, hätten de Jos Steil, de Ben Geiben an de Pierre Reuland ganz vill quokeleg Froe gestallt kritt. Déi sollt awer kee stellen. Et ass alles gemat ginn, fir datt näischt sollt eraus kommen, sot en Donneschdeg d'Riichterin mat deeër Mëschung aus Verbatterung, Erstaunen a Sarkasmus, déi si weist, wa se haut alt erëm d'Aarbecht maache muss, déi d'Enquêteure virun 28 Joer net hunn dierfte man, well de Gendarmeries-Chef Aloyse Harpes dat esou wollt.
Op Gendarmen d'Bomme geluecht hunn, dat muss bewise ginn; datt Gendarmen d'Opklärungverhënnert hunn, dat ass no dëser Woch am Prozess bewisen.