D'Verfassungsgeriicht ënnersträicht d'Rechter vun der Defense bei der Fro nom Recht op Geheimhaltung vum SREL, nuancéiert awer zum Beispill jee no Source.

D'Rechter vun der Defense am Bommeleeër-Prozess musse respektéiert ginn; dës Rechter sinn awer net absolut: Dat ass d'Äntwert vum Verfassungsgeriicht op d'Fro vun den Affekote Me Vogel a Me Lorang un d'Cour constitutionnelle, wat am Prozess priméiert, d'Rechter vun der Defense oder d'Recht op Geheimhaltung, op dat sech de SREL stäipe kéint.

National Quellen, international Quellen

Am Uerteel, dat d'Verfassungsgeriicht um Freideg de Moie gesprach huet, gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht nationalen an auslänneschen Informatiounsquellen. Wat déi national ugeet, ass et legitim, Sourcen net ze nennen; sou kënnen déi geschützt ginn. De President vun der Cour supérieure de justice kann Agenten allerdings vun där Obligatioun befreien.

Wat auslännesch Sourcë betrëfft, kann déi Geheimhaltung net opgehuewe ginn (ausser dee frieme Geheimdéngscht ass domat d'accord), well de SREL soss riskéiere géif, vun deem Geheimdéngscht keng Informatioune méi ze kréien, déi fir d'Sécherheet vun der eegener Populatioun vital wären.

Kontrollméiglechkeet ginn!

Allerdéngs kënnen Agente vum SREL sech net einfach erausrieden, andeems si soen, eng Informatioun kéim vun engem frieme Geheimdéngscht. Well sou eng Ausso net ka kontrolléiert ginn, ass si contraire zum Equiliber tëscht dem Recht op Geheimhaltung an de Rechter vun der Defense an dowéinst inconstitutionnelle. De President vun der Cour supérieure de justice kann dofir kontrolléieren, ob nëtzlech Informatiounen, déi de SREL huet, effektiv vun engem frieme Geheimdéngscht kommen; wann dat de Fall ass, spillt de Schutz vun de Sourcen.

Et ass also e salomonescht Uerteel, dat net eendeiteg ass. Am Bommeleeër-Prozess dierft dat bedeiten, datt cas par cas dierft decidéiert ginn.