Bommeleeërprozess: Am Mëttelpunkt steet weider d'Iwwerwaachung vum Ben Geiben, deen e Méindeg selwer als Zeien um Geriicht ass.

Hie soll iwwert seng Iwwerwaachung an iwwert d'Attentat op de Palais de Justice am Joer 1985 aussoen.

Bis haut ass jo nach ëmmer net gekläert firwat déi Iwwerwaachungsaktioun virum Attentat ofgebrach gouf.

Nieft dem Ben Geiben huet d'Geriicht och deem säi Liewenspartner Pit Spielmann agelueden.

Vun en Dënschdeg u sollen dann ënnert anerem de Guy Stebens, Armand Schockweiler, Aloyse Harpes an op en neits de Pierre Reuland aussoen.