Beim Attentat op de Palais de justice wëll een Zeien den Ugeklote Marc Scheer erkannt hunn - no der Paus e Méindeg wär him dat bewosst ginn ...

Um Ufank vum 80. Dag am Bommeleeër-Prozess gouf de Méindeg de Mëtte virop en Zeie gehéiert am Kontext vum Attentat op de Geriichtspalais. Dëse Mann war deen Owend zu Fouss a mat engem amerikanesche Frënd an der Géigend vum Palais de justice ënnerwee. Do hätt e Grupp Leit gesiess, wouvun een ellen dragekuckt hätt; dem Zeie war v.a. e jonken, sportleche Mann opgefall, deen dono zesumme mat engem aneren do getrëppelt ass.

De Mann sot aus, d'Gefill gehat ze hunn, déi zwee ze stéieren. Doropshi wär hie mat sengem amerikanesche Frënd op d’Plëss gaangen, wou hien och d'Explosioun héieren hätt; den aneren Dag hätt hie vum Attentat op de Geriichtspalais héieren a wär e puer Deeg drop bei d’Police gaangen, fir seng Ausso ze maachen. Dee jonke Mann, deen him opgefall war, wär kee banale Personnage gewiescht an hätt d'Allure vun engem Zaldot gehat; donieft hat den Zeien nach e rouden Auto gesinn a Leit, déi dobäi stoungen a wuel opgepasst hätten.

RTL

2 Persounen erkannt

Et hätt kee vun all deene Männer e Walkie-talkie bei sech gehat, sot den Zeien, an deem sengen Aen hien a säin amerikanesche Frënd net wëllkomm gewiescht wären. Zwee Männer hätt hie formell erkannt; ee géif engem anere fréiere Member vun der Brigade mobile gläichen an een engem anere Polizist.

De Mann sot och, hie wär dem Grand-Duc Jean eng Kéier zu Paräis begéint; hien hätt awer gesot kritt, e sollt net mam Staatschef doriwwer schwätzen. Den Zeien huet de Ben Geiben allerdings net op enger Foto erëmerkannt, déi de Mann de Mëtte gewise krut; dee Mann, deen hie gesinn hätt, wär méi jonk gewiescht.

Scheer erkannt!

No der Sëtzungspaus goung et viru mat engem Theatercoup: Den Zeie sot nämlech, d'Paus hätt him eng Erleuchtung bruecht, an zwar déi, dass op Grond vun neie Fotoen, déi hie gewise krut, den Ugeklote Marc Scheer wuel ee vun deene Männer gewiescht wär, déi opgepasst hunn, an deen aneren e weidere Member vun der Brigade mobile, de Romain Immer.

De Beschëllegte Marc Scheer huet dozou erkläert: "Dat kann net sinn! Ech war net do!"

De Marc Scheer wär deemno dee Mann, vun deem den Zeien deemools, am Oktober 1985, faszinéiert war; den Zeie sot dat op Grond vun neie Fotoen, déi hie bis dohin nach net gesinn hat. D'Foto vum anere Beschëllegte Jos Wilmes sot him dogéint näischt!

Liewenspartner vum Ben Geiben seet aus

Dono war et um Liewenspartner vum Ben Geiben, fir auszesoen. Dee Mann sot, si wären owes zesummen am Hotel gewiescht, wéi et beim Geriichtspalais geknuppt huet, an dass, wann déi zwee zesummen iesse goungen, dat dann owes war; mëttes wär een ëmmer beim Liewenspartner senger Famill gewiescht, an där et awer en absoluten Tabu war, dass si zwee eng Koppel waren.

Dem Zeien no huet hien de Jos Steil och just vum Numm kannt.

De Liewenspartner vum Ben Geiben huet erkläert, dass de Grënner vun der Brigade mobile net d’Impressioun hat, de Weekend vum Attentat op de Palais de justice zu Lëtzebuerg verfollegt ginn ze sinn. De Ben Geiben hätt sech allerdings Gedanken doriwwer gemaach, firwat hie mat den Attentater a Verbindung bruecht gouf.

Fir de Liewenspartner vum Ben Geiben wär d'Bommeleeër-Affär Mëtt der 80er iwwregens net permanent an hirer Relatioun thematiséiert ginn.

Bommeleeër: Zeie wëll Marc Scheer bei Attentat gesinn hunn
Beim Attentat op de Palais de justice wëll een Zeien den Ugeklote Marc Scheer erkannt hunn - no der Paus e Méindeg wär him dat bewosst ginn ...