Bommeleeër: Opnahm vum Zeien ënner Hypnose gëtt gewisen

De Me Vogel huet um Dënschdeg de Mëtten um Ufank vum 81. Dag am Bommeleeër-Prozess gefrot, fir en Enregistrement vum Zeie vun e Méindeg gewisen ze kréien.
Donieft wollt den Affekot vum Marc Scheer wëssen, wou déi original Fotoen hierkommen, déi dem Mann e Méindeg virgeluecht goufen.
D'Presidentin vum Geriicht huet sech mat der Fuerderung vum Me Vogel d’accord erkläert a gemengt, et wär am beschten, den Zeien deen Dag och ze ruffen.
Dono gouf den Alain Thill, deen zur Zäit vun den Attentater Polizist war, an den Zeiestand geruff. Dee Mann war zesumme mam Zeie Georges Zenners, dee viru knapp zwou Woche gehéiert gi war an dobäi Leit vun der Brigade mobile schwéier belaascht hat, 1985 an de Groupe d’observation et de recherche komm.
Hien huet dovu geschwat, dass an deem GOR Maueren opgebaut goufen, well séier vun engem Spëtzel am Grupp a vun Insideren als Auteure vun den Attentater Rieds goung. Et hätt jidderee fir sech enquêtéiert, ma et wär kee mat där Aart a Weis fir ze schaffen averstane gewiescht. Déi eegen Aarbecht huet den Alain Thill eng Alibifonctioun genannt. De Guy Stebens, Chef vum GOR, an de BMG-Chef Pierre Reuland hätt ee seele gesinn, ma et hätt een och net wëllen ënnert deenen hirer Sturheet schaffen. De grousse Chef wär de Colonel Aloyse Harpes gewiescht, an all hir Schreiwes wären un de fréiere Sûreté-Chef Armand Schockweiler gaangen. Vun den Offizéier sot den Zeien: „Et huet kee vun hinnen eng Schreifmaschinn gehat; et huet och ni een eppes geschriwwen". Et wär ganz einfach kee Wëlle vun de Chefen do gewiescht.
Zum Briefing um Owend vun der Observatioun vum Ben Geiben wär et am Büro vum Pierre Reuland komm, soudass dee wuel och dobäi gewiescht wär, sot den Zeien. Op d'Fro vum Me Vogel, ob d'Pist Ben Geiben fale gelooss gouf, well de Procureur général dat decidéiert hätt (deem wär eng Jorhonnertaffär duergaangen), huet den Alain Thill gemengt, dat wär richteg; hien hätt dat vum Enquêteur Jean Disewiscourt gesot kritt. D'Spuer Geiben wär no der mëssgléckter Observatioun op hie keen Thema méi gewiescht an de Pierre Reuland vum Georges Zenners doriwwer informéiert ginn.
Den Enquêteure vum GOR wär no där mëssgléckter Observatioun vun uewen erof gesot ginn: „Vergiesst de Ben Geiben“. Am Groupe d'observation et de recherche wär net op der Insiderpist geschafft ginn, mat Ausnam vun där kuerzzäiteger Aarbecht op de Ben Geiben. Den Uerder, fir Maueren opzeriichten, wär iwwregens vun den Offizéier komm.
D'Depositioun vum Ben Geiben huet dono domat ugefaangen, dass de Grënner vun der Brigade mobile eng Note virgelies huet. Doran huet den Zeie vu perfiden Attacken, an de leschte Wochen, vu Säite vum Me Vogel geschwat, duerch déi hien a säi Privatliewe mat Bulli beschmotzt gi wären. Well hien awer näischt ze verstoppen hätt, géif hien op all d'Froe vun de Riichteren äntweren, sou de Ben Geiben.
Hien hätt ees wéi ees geplangt gehat, de Weekend vum Attentat op de Geriichtspalais op Lëtzebuerg ze kommen, an de Jos Steil him wahrscheinlech ugeruff, fir ze froen, ob hien heihi kéim. Owes hätt hien am Hotel d’Explosioun héieren, an et wär him näischt vun enger Observatioun op hien opgefall. Hie wär deen anere Moie bei de Jos Steil gefuer, dono an de Reckendall an op Bréissel, woubäi hien u sech kee Grond gehat hätt, fir an de Reckendall ze fueren; dat wär wuel geschitt, fir vun enger Partie vu Leit gesinn ze ginn. "Ech hat näischt Compromettantes bei mer, woubäi mäin Alibi hätt kënnen iwwerpréift ginn", sou de Ben Geiben, deen an deem Kontext sot, keng Chance gehat ze hunn, fir en Alibi ze benotzen. Déi Observatioun wär eng riseg Manipulatioun géint hie gewiescht, wourënner hien nach haut leide géif; a sengen Ae wären Offizéier dofir responsabel!
Hie géif hoffen, dass déi richteg Leit déi richteg Froe gestallt kriten. Op d'Fro vum Sylvie Conter, ween dës "richteg Leit" wären, huet de Ben Geiben geäntwert, hie wéilt an deem Zesummenhank net spekuléieren!
De Ben Geiben krut vum Me Vogel nach d'Fro gestallt, ob hien iergendeppes mam Attentat op de Geriichtspalais ze dinn hätt. D'Äntwert war neen! A weider: Hien hätt aus der Gendarmerie demissionéiert wéinst senger homosexueller Relatioun, huet de Ben Geiben nach betount. Ween d'Bommeleeer waren, kéint hien net soen, huet den Zeie weider gemengt. D'Relatioun mam Colonel Harpes wär iwwerdeems méi kill gewiescht. Dogéint war d'Bezéiung mam Pierre Reuland kollegial, wann och net allze waarm an distant.
Et wär och en Zoufall, dass et net geknuppt hätt, wann hien net am Land war. Duerch déiselwecht Schlamperei an der Enquête hätten aner Leit, d.h. d’Beschëllegt, och ze leiden, sou de Ben Geiben um Enn.