Bommeleeër: Observatioun Ben Geiben am Fokus

Déi 2 Ugeklot ...
Den Zeie Bock, fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht, huet gesot, d'Observatioun vum Ben Geiben wier op "exzeptionellem" Wee ordonnéiert ginn.
De Mëttwoch de Mëtte koum et am Bommeleeër-Prozess zur Auditioun vum Jean-Nicolas Bock. De Mann, deen zur Zäit vun den Attentater beim SREL geschafft huet, war 1985 Chef des opérations - virun allem a Saache Conter-espionnage.
Observatioune wären ëmmer vum Direkter Charel Hoffmann decidéiert an de SREL net dacks vun anere Verwaltungen ëm Hëllef gefrot ginn; d'Observatioun vum Ben Geiben wär eng Ausnam gewiescht a vum Agent Armand Kaudé gefrot ginn, wat net den normale Wee an dofir exzeptionell war. Vum Armand Kaudé hätt hie gesot kritt, de Charel Hoffmann wéisst dovun an hätt säin Accord dozou ginn.
D'Riichterin Sylvie Conter wollt wëssen, ob d'Demande dofir vum Colonel Aloyse Harpes koum; dorop huet den Zeie geäntwert, hie wéisst dat net, ma logescherweis misst dat vu méi héich komm sinn. Méindes hätt hie vum Resultat vun der Observatioun Geiben héieren an dem Charel Hoffmann de Rapport dozou gewisen; an deem sengen Ae war awer net vill am Rapport. Hie wéisst net, wat dono mam Rapport geschitt wär, géif awer dovun ausgoen, dass den Direkter e weiderginn hätt; allzäit hätt et kee Grond ginn, fir en net weider ze ginn, an dat obwuel d'Kontakter tëscht de Spëtzte vun de Forces de l'ordre an deene vum SREL net gutt gewiescht wären.
Dem Jean-Nicolas Bock no gouf am SREL net um Dossier Bommeleeër geschafft, well et a sengen Aen net gutt gewiescht wär, parallel zu de Forces de l'ordre drop ze schaffen, an och net Usus. Hie kéint sech och net drun erënneren, dass vun auslännesche Geheimdéngschter Informatiounen oder Froen zu den Attentater erakoumen, an et hätt och keng spezifesch Ecoutë vum SREL an dëser Affär ginn.
Op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht, wee vum SREL aus den FBI kontaktéiert hätt, sot den Zeien: "Wahrscheinlech den Direkter." Et hätten net vill Kontakter dozou ginn, mä wann, da wäre se wuel iwwert de Charel Hoffmann gelaf. De Procureur Georges Oswald huet d'Fro gestallt, ob dann Operatioune laanscht den Zeie gelaf wären, vum Charel Hoffmann ordonnéiert; dat géif hien net gleewen, sot de fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht.
Insiderpist: Keen Thema am Srel, esou den Zeien
Am SREL wär wuel iwwert d'Pist Geiben geschwat ginn, et hätt awer keng Enquête dozou ginn. Den Zeie sot, sech wuel Froe gestallt ze hunn iwwert d'Identitéit vun de Bommeleeër; hien hätt sech allerdings kee konkret kënne virstellen, an de Geheimdéngscht hätt keng Initiativ geholl.
„War dann am SREL gewosst, dass et a Richtung Insideren als Auteure vun den Attentater géif goen?“, huet d'Sylvie Conter gefrot; d'Äntwert war: "Guer net, dat war keen Thema!"
Den Zeie goung och net dovun aus, dass de Jos Steil fir de Geheimdingscht aktiv war, e Jos Steil, géintiwwer deem am Rapport Kaudé iwwert d'Observatioun Geiben iwwregens vu Verdachtsmomenter Rieds gaangen ass. Nawell wär de Jos Steil net vum SREL iwwerwaacht ginn!