Bommeleeër: Aussoen, Douten, Witzer, Sprengungen ...

Schwéiere Stand am Zeiestand: De Marc Zovilé, Chef vun der Inspection générale de la Police, seet weider aus ... an d'Geriicht äussert weider Zweiwel.
Am Bommeleeër-Prozess huet de Procureur Georges Oswald den Donneschdeg de Mëtten um Ufank vun der Sëtzung dovu geschwat, dass hien eng Informatioun krut iwwer en Owend am Juegdschlass, op deem sech Offizéier iwwert de Procureur Robert Biever lëschteg gemaach hätten. Donieft huet hien eng Note kritt vun engem Polizist, deen eng Kéier mam fréieren Armurier vun der Gendarmerie am Leidelenger Bësch eng Sprengung duerchgefouert hätt; de Substitut huet d'Enquêteure gefrot, dee Polizist ze héieren.
Ier d'Auditioun vum Marc Zovilé virugoung, huet d'Presidentin vum Geriicht deem seng Aussoe vum Dag virdrun, also vum Mëttwoch, esou resuméiert: "Dir wosst näischt, hutt näischt gefrot an Dingscht no Virschrëft gemaach."
Fir de Gendarmerie-Bezierkschef Zentrum zur Zäit vun den Attentater wollt all Mënsch d'Bommeleeër kréien, jiddereen a senger Missioun; "dorunner kann een e bëssen zweiwelen", huet d'Sylvie Conter dorop geäntwert. Hien hätt probéiert, seng Aarbecht sou gutt wéi méiglech ze maachen; den Intressi fir d'Affär opzekläre wär do gewiescht, mä dat wär net eleng seng Aufgab gewiescht.
Zovilé: "Keng parallel Enquête"
Et hat een ëmmer d’Impressioun, dass net vill gewosst war, an et war och ni vill do, sot den Zeie weider. Op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht, ob dann näischt geschitt wär, wann Informatioune 6 Méint méi spéit koumen, huet de Marc Zovilé gemengt, d'Äntwert wär wahrscheinlech net komm. "Dir schéngt dat weider net schlëmm ze fannen", huet d'Sylvie Conter fonnt.
Den heitege Chef vun der Police vun der Police huet doropshin op en Neits gemengt, hien hätt d'Aarbecht a sengem Beräich gemaach an anerer déi an hirem. Et hätt hie gestéiert, dass keng Uerdnung an der Enquête war; et wär wuel matenee geschwat ginn, mä et wär een op kee Resultat komm. Wat d'Spuer vun Insideren als Auteure vun den Attentater ugeet, sou wär doriwwer diskutéiert, mä näischt erausfonnt ginn. Et hätt ee jo och keng parallel Enquête kënne maachen, huet de Marc Zovilé betount.
Sech virum Spëtzel verstoppen ... amplaz en ze sichen
"Ass da gekuckt ginn, ween a wou d’Insideren, spréch d’Spëtzelen, waren? Neen!", huet d'Affekotin Lydie Lorang op hir eege Fro geäntwert. Zur Fro, firwat mam Plënneren an en anert Gebai de Problem vum méigleche Spëtzel sollt geléist ginn, huet den Zeien ze bedenke ginn, dass sollt verhënnert ginn, dass dee geséich, wat géif gemaach ginn. Dozou huet d'Me Lorang gefrot: "Wär et dann net besser gewiescht, nom Spëtzel ze sichen?" Gendarmerie a Police hätten déi Zäit net ëmmer gutt matenee geschafft, huet de Marc Zovilé nach ervirgehuewen.
Nom Attentat op de Geriichtspalais wär hie séier op der Plaz gewiescht, sou den Zeien. Dass hien deen Owend mat der Press duerch de Palais de justice an den Tatort gelaf wär, dozou hätt hien den Optrag vum Procureur adjoint Jean-Marie Hary kritt. "Wär et dann net éischter gewiescht, fir deen ofzespären?", wollt d'Sylvie Conter wëssen. Hien hätt dat gemaach, wat e gesot krut. "A firwat waart Der sécher, dass et net nach eng Kéier kéint knuppen?", huet d'Presidentin vum Geriicht gefrot. Hie wéisst net, ob den Armurier du scho laanscht war, fir den Tatort z’iwwerpréiwen. D'Sylvie Conter huet constatéiert: "Dir hutt also och doriwwer keng Fro gestallt!"
Vun der Observatioun Geiben wär him näischt bekannt gewiescht, an et wär och net serieux iwwert d'Spuer Geiben rieds gaangen. Deen hätt d'Fäegkeeten dofir gehat, Zitat, "well e gutt war", mä net de Charakter, sot de Marc Zovilé.
Et ass sech donieft vun de Riichteren d'Fro gestallt ginn, ob um Offizéieschniveau iwwert d'Spuer Geiben geschwat gouf. Hien hätt net sou richteg un d'Ausso vum Colonel Charel Bourg gegleeft, dee sot: "A wann et de Benny war...". Allzäit hätt hien net héieren, dass de Grënner vun der Brigade mobile déi bescht Spuer wär.
Et war net meng Iddi, alles ze maachen, fir d'Bommeleeër net ze kréien; villméi hunn ech mäi Bescht gemaach, sou den Zeien, fir deen hien an d'Geriicht zwou verschidde Vuë vun därselwechter Saach hunn. De Mann huet awer och erkläert, dass et méiglecherweis gewollt war, dass Eenzelner näischt wollten erausfannen!