E pensionéierte Polizist weist mam Fanger op den Henri Flammang: deen hätt konkret eng Bomm explodéiere gedoen, am Leidelenger Bësch.

Eng al Pist gëtt also erëm interessant.

Den Henri Flammang ass ëmmer erëm duerch den Dossier Bommeleeër gegeeschtert. Zu onrecht, huet den Enquêteur Carlo Klein am Mäerz am Prozess gesot. Den Henri Flammang war vun 1982 bis 1986 Armurier an der Police a war och privat en onheemleche Waffegeck, deen Honnerte Waffe gesammelt hat, dorënner och ganz schwéier Kaliberen, an deen och kiloweis Sprengstoff doheem gehort huet, mee dat wier anere Sprengstoff gewiescht wéi de Luxite, deen d'Bommeleeër benotzt hunn. Wéi seng Kollegen dem Henri Flammang senge Sammelnaupen op d'Spur komm sinn, dunn huet hien keen aneren Auswee gesinn wéi deen, Suicide ze maachen, am Aprëll 1995, just ier bei him eng Perquisitioun sollt sinn. D'Perquisitioun war d'ailleurs an et gouf tonneweis Material séchergestallt. A just wéint deem Suicide huet d'Legend Flammang weidergelieft, well, huet et geheescht, hien hätt en Abschiedsbréif hannerlooss, do giff hien seng Hierarchie a seng Offizéier schwéier attackéieren. Dat wier net esou, sot am Prozess de Carlo Klein, den Henri Flammang hätt e puer Bréiwer hannerlooss, mä néierens giff et Hiweiser ginn, hien kéint ee vun de Bommeleeër gewiescht sinn.Esouwäit also wat bis ewell geséchert schéngt. An elo kruten d'Leit am Prozess e Bréif vun engem pensionéierte Polizist, deen éischtens emol de Geck mécht mat de fréiere Gendarmeries-Gréissten Harpes a Reuland an da kënnt dëst: Do hunn nämlech zwee Polizisten am Bësch Bommeleeër gespillt.

RTL

Interessant genuch, absënz interessant awer wéint der Plaz, wou se dat gemat hunn. Well de 7. Mee 1985 ass jo ze soen am selwechte Bësch eng Bomm explodéiert an huet e Pylône zerstéiert. E puer aner Pylône goufe gebéit an déi elektresch Seeler sinn op d'Escher Autobunn gefall an hunn Automobiliste serieux a Gefor bruecht.

D'Enquêteure kruten elo als Aufgab, dëser Saach nozegoen.

Vläit evaluéieren si och nach eng Kéier anescht, datt den Henri Flammang en Anti-Kommunist, een aus dem Kale Krich war mat politesch zimlech rietse Gedanken an datt hien och fir de Geheimdéngscht geschafft huet. Addéiert een dat alles, kënnt een dach awer interessanten, explosive Cocktail eraus.