Bommeleeër: Zeie Guy Stebens gëtt gehéiert

Am Bommeleeër-Prozess huet um Méindeg de Mëtten d'Auditioun vum Guy Stebens ugefaangen, déi zwee Deeg dauere soll.
De spéidere Generalsekretär vun der Police gouf direkt um Ufank vun der Sëtzung vun der Presidentin vum Geriicht an d'Gebiet geholl, "endlech déi ganz Wourecht ze soen", well nach eng Rëtsch Froen opstéingen. De Guy Stebens sot dozou, hie kéint op eng Rei Froe keng Äntwerte ginn, obwuel hie vill dofir gemaach hätt.
Vum Me Vogel war et dunn d'Fro, ob den Zeie säin Agenda vun 1985 erëmfonnt hätt; d'Sylvie Conter huet donieft bemierkt, dass et komesch wär, dass just dee feele géif. De Guy Stebens huet gemengt, déi vun 1984 an 1986 wären do; dee vun 1984 hätt hien allerdings nëmmen ausgefëllt bis dohin, wou hien ugefaangen hätt mat schaffen, a vun do un hätt hien e Kalenner vun der Gendarmerie gefouert. 1986 hätt hien nees en Agenda ugeluegt; dee 85er hätt hien net bewosst verschwanne gelooss, mä et géif eben annerhalleft Joer feelen. Hie géif awer och net verstoen, firwat d'Geriicht hien dowéinst verdächtege géif, well wann hien eppes ze verstoppen hätt, hätt hien net selwer vum Agenda geschwat; hie selwer wär och guer net an d’Enquête Bommeleeër implizéiert gewiescht.
A Brainstorminge vun Offizéier wär iwwert d'Bommeleeër an hir méiglech Motiver diskutéiert ginn, an no enger Zäit wär d'Insider-Spuer an d'Diskussioun komm; allerdings wären ni Nimm erauskomm!
Et wär net konkret no engem méigleche Maulwuerf an den eegene Reie gesicht ginn, och well kee sech Insideren als Auteure vun den Attentater virstelle konnt; an déi Richtung wär net geduecht ginn, a vun engem gewëssenen Zäitpunkt u wäre wichteg Informatiounen intern och net méi weidergi ginn. D'Affär Bommeleeër wär an Offizéieschréuniounen och nëmmen een Thema ënner ville gewiescht, sou de Guy Stebens. Dowéinst hätt een d'Impressioun, sot d'Presidentin vum Geriicht, dass et bal keen an de Forces de l'ordre interesséiert hätt, ween d'Bommeleeër wären!
Et wäre sech wuel Gedanke gemaach ginn iwwert d'Bommeleeër, awer keng konkret Aktiounen ënnerholl ginn. D'Sylvie Conter wollt doropshi wëssen, ob déi Iwwerleeungen un den Untersuchungsriichter weider gaange sinn. Hie wär ze kleng dofir gewiescht, huet den Zeie geäntwert; hien hätt awer näischt sou matkritt.
De Guy Stebens huet sengersäits op den Engagement vun den Offizéier an där schwiereger Zäit higewisen. Zum Constat, dass op enger vun den evidenteste Pisten net geschafft gouf, war et d'Äntwert, dass d'Gendarmerie vum Personal hier schlecht opgestallt war. "Dat erkläert awer net, firwat a verschidde Richtungen net geduecht gouf!", sou d'Sylvie Conter, iwwerdeems sech de Procureur Georges Oswald gefrot huet, ob sech net d'Fro gestallt gouf, ween e Spill mat der Gendarmerie spille wollt. Den Zeien huet op en Neits widderholl, dass e Verdacht do war, awer näischt gemaach gouf. "Vläicht dowéinst, well de Maulwuerf méi Muecht hat", huet de Me Vogel ze bedenke ginn a gefrot, ob de Jos Steil e Büro niewendrun hat. Hie kéint näischt géint dee Mann soen. "Ass da vläicht d'Erklärung dofir déi, dass genee gewosst war, ween et wär?", war eng weider Fro vun der Presidentin vum Geriicht. Hie kéint sech dat net virstellen, huet de Guy Stebens gemengt.