De Fonctionnaire hat sech vun engem Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg am Januar 2013 ugegraff gefillt. Et goung deemools ëm d'SREL-Affaire.

Den André Kemmer hat den Nico Graf ugesicht, well dee Revelatioune gemaach hätt, déi deemools nach geheim gewiescht wieren. Elo huet den André Kemmer wësse gedoen: "Les faits décrits par Monsieur Nico Graf n'étaient en effet déjà plus secrets et avaient été rendus publics par autrui bien avant le reportage..." Och wat de Virworf vun der Calomnie an der Diffamatioun ugeet, huet den André Kemmer seng Plainte zeréckgezunn. "Je renonce définitivement et irrévocablement à toutes plaintes ou actions en justice futures pour les faits reprochés à Monsieur Graf dans ladite citation." An anere Wierder: Déi Saach ass vum Dësch.