Bommeleeër: Zweet Auditioun vum Zeie Guy Stebens

Um 85. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess ass en Dënschdeg de Mëtten d'Auditioun vum Guy Stebens, dem spéidere Generalsekretär vun der Police, virugaangen.
Virop gouf sech nach emol mat den Aussoe vum Zeie vun e Méindeg beschäftegt. An deem Kontext huet de Mann op d'Fro vum Me Vogel hi widderholl, dass hie keng Nimm vu Bommeleeër kenne géif an net spekuléiere wéilt. De Guy Stebens huet och ofgestridden, dass, sou wéi d'Presidentin vum Geriicht et gemengt huet, hien an deem Kontext eppes net wéilt soen. Fir d'Sylvie Conter gouf allzäit deemools näischt ënnerholl, fir d’Insideren ze fannen.
Wat d'Spuer Geiben ugeet, sou hätt hien net doru gegleeft an de Pierre Reuland hätt déiselwecht Meenung gehat, dem Guy Stebens wär och de Problem vum internen Informatiounsfloss opgefall. Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, firwat d'Spuer vun Insideren als Auteure vun den Attentater net zréckbehale gouf, huet den Zeie gemengt, hie kéint sech dat net erklären.
„War et vläicht fir z’evitéieren, dass d’Hierarchie gewuer gouf, dass Dir an déi Richtung enquêtéiere géift?“, huet de Procureur nogefrot. D'Äntwert dorop war Neen! D'Spuer vun den Insidere géif awer aus enger eegener Note zu méiglechen Auteure vun den Attentater ervirgoen, sou de spéidere Generalsekretär vun der Police. Dorop huet d'Presidentin vum Geriicht bemierkt: „Dat do hutt Dir Iech nach net laang hir zesummegeschoustert!“ Den Zeien huet betount, déi Pist wär wuel manner seriéis geholl an dofir ni an déi Richtung geschafft ginn. „Firwat?“, wollt de Me Vogel wëssen. Senger Meenung no wär wuel mat den Enquêteuren driwwer geschwat, mä et wäre keng Aktiounen ënnerholl ginn.
D'Insidere wären eben e sensible Punkt gewiescht, an entspriechend Decisiounen hätte misse vun der Hierarchie geholl ginn, sou de Guy Stebens. „Hutt Dir vun iergendengem gesot kritt: Mir ginn dohin a soen näischt?“, huet d'Sylvie Conter nogehaakt. Et wär immens schwéier, fir no 28 Joer op Froen z’äntweren, an hien hätt vu kengem eppes an deem Sënn gesot kritt. Op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht, ob et e stillschweigenden Accord doriwwer gëtt, huet den Zeien Neen geäntwert. "Et huet een awer zanter gëschter d'Impressioun, dass Dir keng Nimm wëllt nennen an dass Der dee Moment zoumaacht", sot d'Sylvie Conter.
Et wär een, wat d'Observatioun vum Ben Geien betrëfft, op de Jos Steil komm, fir un Informatiounen iwwert de Grënner vun der Brigade mobile ze kommen, d.h. fir ze wëssen, ob dee géif op Lëtzebuerg kommen; dat wär vläicht net déi bescht Iddi, mä déi Zäit eng gutt Léisung gewiescht. Hien hätt vollt Vertrauen an de Jos Steil gehat, sou de Guy Stebens, fir deen de Colonel Aloyse Harpes och néideg war, fir de Geheimdingscht an d’Observatioun Geiben anzebannen.
Hien hätt keng konkret Erënnerung un d'Preparatioun vun der Observatioun Ben Geiben; de Pierre Reuland wär awer wuel bei enger éischter Sëtzung dozou dobäi gewiescht, wougéint hie vun enger Präsenz vum spéidere Policechef bei där zweeter näischt wéisst. „Dat hunn awer Zeien hei ënner Eed ausgesot!“, huet de Procureur Georges Oswald ënnerstrach.
D'Fro vun der Presidentin vum Geriicht, ob den Untersuchungsriichter da vun him informéiert gouf, huet de Guy Stebens mat Nee beäntwert; et hätten allerdings deemools Saache misse gemaach ginn, déi net gemaach goufen. No enger Zäit ass de Procureur du mam Saz explodéiert: „Dat gleeft den Här Stebens jo alles selwer net, wat hien hei erzielt!“ Fir den Zeie gouf et an där Zäit ebe leider Gewurschtels, an et wär villes schif gelaf!
„Goufen dann Instructioune ginn am Briefing den Dag virun der Observatioun op de Ben Geiben?, huet de Procureur Georges Oswald nach gefrot. Et wäre wuel verschidden Hypothesen duerchdiskutéiert ginn; hie kéint sech awer net un den Inhalt vun deem Briefing erënneren. „Et huet een nach ëmmer d’Impressioun, dass do méi ass an dass Der net kënnt oder net wëllt äntweren!“, huet d'Sylvie Conter gemengt. Dat streiden ech of, mä et ass net méi a mengem Gehier, sou de Guy Stebens. Fir d'Me Lorang bleiwen engem dogéint verschidde Saachen am Gediechtnis, sou wéi eng éischt Observatioun, an dësem Fall op de Ben Geiben.
Hie wär net informéiert ginn iwwert d'Attentat, am Oktober 1985, op de Geriichtspalais an et wuel den Dag drop gewuer ginn. Selwer hätt hien och net nogefrot; hie wär sech haut bewosst, dass en dat hätt misse maachen. Wahrscheinlech wär hie mat de Gedanke scho fort gewiescht op e Stage beim Bundeskriminalamt zu Wiesbaden. "Dat erkläert allerdings net Äre kompletten Desintressi!", sot d'Sylvie Conter.
Hien hätt op alle Fall zwou Woche laang net zu Lëtzebuerg nogefrot, wéi hie beim BKA um Stage war, sou den Zeien um Enn.