Enger ganz gudder Quell no schafft de fréiere Chef vun der brigade mobile a Generaldirekter vun der Police elo bei INTERPOL.

Ma och soss, war et e Mëttwoch um Geriicht nawell héich hier gaangen.

De Procureur Georges Oswald huet am Nomëtten, um Ufank vun der 86. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, eng Note virgeluecht vun engem pensionéierte Gendaarm.

Deen huet a sengem Schreiwes geschwat, dass sengerzäit en Auto no bei Waldbëlleg fonnt gouf, an deem Waffe loungen an Uniforme vu wahrscheinlech der Brigade mobile.

Doropshin huet de Guy Stebens, fréiere Generalsekretär vun der Police, nach emol seng eegen Note au service ugeschwat, déi en Dënschdeg gewise gouf an, an där näischt iwwer eng Pist vun Insideren als Auteure vun den Attentater dra war. An deem Pabeier wäre Reformvirschléi am Sënn vu méi enger effizienter Enquête opgelëscht ginn, wouropshin awer net vill geschitt wär. Dat hätt ënner anerem domat ze di gehat, dass ënnert dem Colonel Aloyse Harpes, Zitat, „éischter net“ iwwer deem seng Decisiounen diskutéiert gi wär.

De Guy Stebens huet donieft widderholl, dass hie sech net kéint virstellen, am Kader vun der Observatioun op de Ben Geiben vu senge Cheffen instrumentaliséiert ginn ze sinn.

„Hat dat da vill Sënn, direkt nom Attentat op de Geriichtspalais op e Stage bei d’BKA geschéckt ginn ze sinn?“, wollt d'Riichterin Sylvie Conter du wëssen. Dat gouf e bëssen iwwert de Knéi gebrach, huet de Guy Stebens gemengt, deen och sot, sech fir den Doud vum Polizist Patrice Conrardy, den 30. Oktober 1985, interesséiert ze hunn, net awer fir d’Attentat op de Geriichtspalais a fir d’Observatioun Geiben. D'Presidentin vum Geriicht huet et net normal fonnt, dass den Zeien net emol kuerz vu Wiesbaden aus ugeruff hätt. Hien hätt keng weider Erklärung dofir, géif awer mengen, vum GOR-Member Georges Zenners doriwwer informéiert ginn ze sinn. Et wär och net gutt gewiescht, dass de SREL-Mataarbechter Armand Kaudé deen entspriechende Rapport gemaach hätt. „Ma dat war ganz gutt!“, huet de Procureur Georges Oswald betount. De fréiere Police-Generalsekretär hätt och net nom Rapport gefrot, deen u sech vum Groupe d'observation et de recherche hätt misse gemaach ginn.

Dono sinn de Procureur an d'Riichterin aus der Haut gefuer. "Dat ass totale Brach, dat huet kee Kapp a kee Schwanz. Mierkt Dir net, wéi Dir Iech hei lächerlech maacht, schonn 3 Deeg laang", huet de Georges Oswald gejaut, iwwerdeems d'Sylvie Conter d'Fro gestallt huet: "Firwat kënnt déi ganz deemoleg Führungsetage heihi stoen a sech virum ganze Land lächerlech maachen?"

Ech kann nëmme fir mech schwätzen an dat soen, wat ech weess, sou den Zeien. D'Presidentin vum Geriicht huet festgehalen, dass d'Forces de l’ordre vun deemools no der gréisster Usammlung vun Inkompetenz ausgesinn, iwwerdeems de Procureur eng Confrontatioun vum Guy Stebens mam GOR-Member Georges Zenners an Aussiicht gestallt huet. De fréiere Generalsekretär vun der Poliss huet nach bemierkt, dass ni un Écouten op de Ben Geiben geduecht gouf.

"De Guy Stebens hat sech just d'Fro ze stellen, wou de Ben Geiben war, wou et beim Geriichtspalais geknuppt huet!“, huet de Georges Oswald ze bedenke ginn. Ech weess dat net, a meng Attitüd huet net geännert, nodeems de Ben Geiben als Bommeleeër an der Diskussioun war, war d'Äntwert vum Zeien dorop. Dat huet de Procureur zum Constat bruecht, dass, wann de Guy Stebens déi Fro net un de Georges Zenners gestallt huet, hien da wosst, ween et war. De fréiere gudden Dëschtennis-Spiller konnt sech och net dorun erënneren.

Hien hätt vum Georges Zenners vum GOR net de ganze Rapport iwwert d'Observatioun Geiben gemaach kritt, sou den Zeien, dee sech och frot, firwat hie mam Georges Zenners hätt sollen driwwer schwätzen, wéi de geneeën Oflaf vun der Observatioun war. De Mann huet och gemengt, näischt vu Verdachtsmomenter géint de Jos Steil gewosst ze hunn a keng Inszenéierung géintiwwer dem Ben Geiben confirméieren ze kënnen.

„Et kann emol an enger Enquête eppes donieft goen; dass awer bal alles schif leeft...“, huet d'Sylvie Conter an de Raum gestallt. Den Zeie sot dozou, fortschrëttlech Iddie wären an de Forces de l'ordre net ëmmer duerchkomm. D'Riichterin wollt nach wëssen, ob an der Gendarmerie alles huet missen iwwert de Colonel Harpes goen. Dee wollt um Lafende gehale ginn, huet den Zeien deklaréiert, iwwerdeems hie selwer gehofft hätt, an der Enquête op e positiivt Resultat ze kommen.

A Bezuch op d'Aussoe vum Georges Zenners zum Attentat op d'Héichhaus, zu deem Zeien e präzisen Szenario beschriwwen hat, huet de Guy Stebens geäntwert, hie kéint sech virstellen, dass sech an deem Sënn Gedanke gemaach goufen; dass de Georges Zenners deen Szenario sou genee ausgemoolt hat, war dem Zeien iwwregens "net sou bekannt".

Um Donneschdeg kënnt et am Bommeleeër-Prozess dann zu enger Géigeniwwerstellung tëscht dem Guy Stebens an dem deemolege GOR-Member Georges Zenners, fir gewëss Froen, respektiv Divergenzen an hiren Aussoen ze klären.

AUDIO: Bommeleeër-Prozess (13.11.): De Reportage vum Nico Graf
Pierre Reuland elo bei INTERPOL?
.