Bommeleeër: Géigeniwwerstellung Stebens - Zenners

De Guy Stebens
Um Donneschdeg goung et ënnert anerem dorëm, wien wéini iwwer wat an d'Bild gesat gouf am Kontext vum Attentat op de Geriichtspalais.
Am Bommeleeër-Prozess goung et um Donneschdeg de Mëtte viru mat enger Géigeniwwerstellung tëscht dem Guy Stebens, fréiere Generalsekretär vun der Police, an dem Georges Zenners, deen 1985 Member vum GOR, dem Groupe d'observation et de recherche, war.
Zenners: Den Dag virdrun informéiert ...
Dee Georges Zenners sot, dass beim Preparatiounsbriefing, freides, vun der Observatioun vum Ben Geiben de Guy Stebens, de Pierre Reuland, den Armand Kaudé vum SREL an de Georges Zenners an den Alain Thill vum GOR dobäi waren. D'Leit aus dem Groupe d'observation et de recherche hätte gewosst, dass de SREL samsdes aktiv wär; hie selwer wär donneschdes oder freides vum Guy Stebens op d'Observatioun ugeschwat ginn, an net méi fréi an der Woch, wéi vum Guy Stebens behaapt. De Georges Zenners goung dovun aus, dass déi Reunioun éischter freides moies war; den Armand Kaudé wär freides do gewiescht, an hie wéisst net, wéi d'Presenz vum SREL an d’Weeër geleet gouf.
Stebens: Ufank der Woch informéiert ...
De Guy Stebens sot aus, de Jos Steil wär als Kontaktpersoun gefrot ginn an hie bal iwwerzeegt dovun, dass hien Ufank der Woch mam Georges Zenners geschwat hätt; doropshi wär de SREL ugeschwat ginn. Hätt de GOR d’Observatioun gemaach, hätt ee selwer e Rapport geschriwwen, sou de Guy Stebens, wourun d'Riichterin Sylvie Conter awer Zweiwelen hat.
Zenners: Observatioun Geiben kuerzfristeg ...
Dem Georges Zenners no gouf net an der Woch iwwert d'Observatioun Geiben geschwat a gouf dat kuerzfristeg gemaach. Den Armand Kaudé sot, hie géif de Rapport dozou maachen; en hätt net kënne vum GOR gemaach ginn, well deen an der zweeter Rei war.
Geriicht: Eng nei Info
Nodeems et beim Geriichtspalais geknuppt hat, wären d'Leit vum GOR geruff ginn. Dono, nuets, wär et zu enger Reunioun komm, an där iwwert d'Observatioun geschwat gouf; an deem Kontext huet de Georges Zenners um Donneschdeg och mam Guy Stebens doriwwer diskutéiert, ween dobäi war, woubäi deen him Nimm genannt huet vu Leit, déi present waren. Dat ass eng ganz nei Informatioun, sou d'Presidentin vum Geriicht! Vun enger zweeter Reunioun, nuets, mat de SREL-Leit weess de Georges Zenners dogéint näischt, an déi éischt Reunioun wär méindes weider gefouert ginn. Den Enquêteur Jean Disewiscourt hätt du gesot: Mir halen op domat! Méi spéit an der Woch hat de Georges Zenners eng Entrevue mam selwechte Wuertlaut mam Armand Schockweiler.
Fir de Guy Stebens gouf de SREL awer net eréischt freides moies kontaktéiert, mä schonn éischter.
Wat gouf wéini beschwat?
De Georges Zenners huet dono erkläert, déi éischt Reunioun nuets wär keng richteg Reunioun gewiescht, mä et wär just kuerz iwwert d'Observatioun geschwat ginn; méindes moies wär awer sécher doriwwer diskutéiert ginn.
De Georges Zenners huet gemengt, awer net sécher ze sinn, ob den Numm Geiben bei där 1. Reunioun an der Nuecht op sonndes gefall ass; méindes moies wär dat allerdings sécher de Fall gewiescht. D'Leit vum GOR wossten a Saachen Iwwerwaachung Geiben nëmme Bescheed iwwert dat, wat bis samschdes am fréien Owend gelaf ass, an näischt méi. De Guy Stebens wëll sech awer nëmmen un Aussoen iwwert d'Faiten dono erënneren!
Geriicht provokativ: Keng Froen well Äntwert bekannt?
A sengen Ae wär dat eben en Element, dat him erëmkoum. Hien huet och betount, dass hien iwwert d'Faite samschdes owes hätt missen nofroen; hien hätt dat awer net gemaach. "Et goufe vläicht vill Froen net gestallt, well een d’Äntwert kannt huet...", huet d'Riichterin Sylvie Conter bemierkt. Hien hätt de Ben Geiben awer net a Schutz geholl an net dowéinst net nogefrot, sou de Guy Stebens, deen och op en Neits ënnerstrach huet, dass hien net Chefenquêteur war. "Dat wollt kee sinn!", huet d'Presidentin vum Geriicht ervirgehuewen.
"Op eemol nees erënnert"
De Procureur Georges Oswald huet sech doropshi gefrot, firwat sech de Guy Stebens dës Woch u Saachen erënnere konnt, déi hien a Verhéier an de leschte Joren net méi wosst; eng Fro war déi, ob hie sech dat Wëssen op Grond vun den Aussoe vun anere Leit zesumme geschoustert hätt. Hien hätt sech eben op eemol nees u verschidde Saachen erënnere kënnen, sou den Ex-Generalsekretär vun der Police.
Op d'Fro vum Sylvie Conter, firwat de Jos Steil op eemol an de Kommando vun der Gendarmerie koum, sot de Guy Stebens, dat wär wuel wéinst senger Gesondheet geschitt. D'Riichterin huet an deem Kontext de Rapport Kaudé zur Observatioun Geiben an d'Spill bruecht, an deem iwwer Verdachtsmomenter géint de Jos Steil Rieds goung. De Me Vogel huet sech du gefrot, ob de Guy Stebens, Zitat, net vläicht e bëssen "imbécile" gewiescht wär; hien hätt nämlech ni eppes gesinn. De Guy Stebens huet dorop geäntwert, hien hätt nëmmen annerhallwe Mount mam Jos Steil zesumme geschafft a sech an där Zäit kee Bild vum Personnage kënne maachen.
Dat lescht Attentat: Cadeau oder Uerder?
Zu senger Ausso a fréieren Auditiounen, dass d'Attentat op d'Haus vum Colonel Wagner vläicht e Cadeau d’adieu war an d'Serie dono opgehalen huet, sot de Guy Stebens, d'Gendarmerie wär als Ganzt viséiert gewiescht an de Kapp vum Corps, de Colonel Wagner, d'Enn dono war; d'Attentat hätt allzäit Symbolkraaft gehat, soudass et vläicht sou geplangt war.
"Vläicht ass och en Uerder erausgaangen: Elo ass Schluss!", huet d'Sylvie Conter gemengt. Fir de Guy Stebens gouf vläicht um Owend vun der Première vun der Revue en anert Zil gesicht, well den Theater ofgeséchert war; seng fréier Ausso, dass d'Forces de l’ordre net vun den Attentater profitéiert hätten, huet hien iwwregens op Nofro hin zréckgezunn.
Knowhow, Sabotage, Sauerei ...
Op d'Fro vum Me Vogel, ob vum héchsten Niveau aus Bomme geluecht goufen, fir Profit draus ze zéien, huet de Guy Stebens Nee geäntwert. "Wee war dann amstand, sou Attentater ze maachen?", wollt d'Sylvie Conter wëssen; de Guy Stebens huet an deem Kontext vun engem Grupp geschwat, dee sech vläicht zesumme gedoen huet an an deem eventuell e Polizist dra war.
D'Fro vum Me Vogel, firwat d'Justiz sabotéiert gouf, huet den Zeie mat Changementer an der Gendarmerie erkläert, iwwerdeems hie sot, net ze wëssen, ween hannert där Sauerei gestanen huet, wéi de Me Vogel frot. D'Riichterin an de Procureur hunn doropshin nach emol d'Feeleren à répétition an der Enquête ugeschwat, respektiv d'Enquête, déi "schif gaange gouf".
De fréiere Chef vum Geheimdéngscht, Charel Hoffmann, gëtt um Donneschdeg net méi gehéiert, hie kënnt elo déi aner Woch un d'Rei.
Lëscht vun den Zeien déi aner Woch
Méindes, 18. November 2013 – volet Attentat op Palais de Justice : Prosper Klein
Dënschdes, 19. November 2013 – volet Attentat Palais de Justice : Charles Bourg
Mëttwochs, 20. November 2013 – Volet attentat Palais de Justice : Charel Hoffmann
Donneschdes, 21. November 2013 – Volet Attentat Palais de Justice : Armand Schockweiler